
Kuerzfristeg gouf fir de Mëttwoch den Owend eng Pressekonferenz ugesat, sou datt en Accord fonnt gouf - dëst nodeem den Dossier op der Conciliatioun an duerno op der Mediatioun war.
Wéi et vun de Personalvertrieder geheescht hat, kéime vill Spuerkeess-Mataarbechter net zu deene Promotiounen, déi se gesetzlech ze gutt hätten, esou de Reproche, deen am November och zu engem Protest-Piquet gefouert hat. Den eenzegen Aktionär vun der Bank, de Staat an d'Spuerkeess-Direktioun wären net kompromëssbereet - dat huet sech bis um Mëttwoch den Owend also geännert.
D'Staatsbeamtegewerkschaft hat gefuerdert, dass d'CGFP-Accorde bei der Spuerkeess respektéiert géife ginn, dat heescht déi integral Ëmsetzung vun de Reformen aus dem Joer 2015, Schluss mat den arbiträren Decisioune bei de Promotiounen an en Enn vun de Spuermesuren op d'Käschte vum Personal.
Op dëse Punkte gouf et also en Accord mat der Direktioun an der Regierung, déi duerch d'Ministere Gramegna an Hansen vertruede war, wéi den negociéierten Accord presentéiert gouf.
An engem Schreiwes zejoert hat d'Staatsbeamtegewerkschaft d'Haltung vun der Regierung schaarf kritiséiert an hir souguer Arroganz reprochéiert.
Och vu Streik bei der Spuerkeess war Rieds gaangen - all dëst ass lo wéi gesot vum Dësch, de Promotiounssystem gëtt ugepasst.
Et hätt ee missen op déi nei Regierung waarden, fir eng Decisioun ze huelen. Elo hätt een nei Pisten an den Accord erakritt.
D'Françoise Thoma, d'Generaldirektesch vun der Spuerkeess freet sech op den Accord. De Litige hätt laang gedauert an hätt vill Energie kascht. All Parteien hätten elo kënnen een Neiufank maachen. Een Accord, dee konstruktiv an objektiv a Rekordzäit kann ëmgesat ginn, dat dank der Facilitation vun de Ministeren Hansen a Gramegna. Een Accord, deen d'Spuerkeess awer iwwer 3 Milliounen Euro d'Joer méi kascht. D'Motivatioun vun de Beamte wier awer méi wichteg ewéi d'Käschten, esou nach d'Françoise Thoma.
D'Bank bréicht gutt Leit, ma déi misste gutt bezuelt ginn. Den Accord géif erlaben, d'Fonction publique mat den Exigencë vun der Bank ze kombinéieren. Den Accord vun 2015 wier graduellement ëmgesat ginn an elo wier de Prozess komplettéiert ginn. Konkret géing d'CGFP unerkennen, datt d'Spuerkeess Spezifizitéiten respektéiere misst, mä och, datt een an der Carrière vum Fonctionnaire weiderkënnt.
De Georges Dennewald sot et wier de Schluss vun engem laange Litige. Et wier een elo zefridden, well et een Accord wier, deen ausgeglach ass an et soll elo emol Rou dra kommen.
De Romain Wolff vun der CGFP betount, d'Gewerkschaft hätt sech beweegt, déi aner Partien och. Et wier ee Kompromëss, d'Gewerkschafte wieren zefridden. Réckwierkend op den 1. Januar 2019 krite verschidde Leit Avancementer, déi se virdru net kruten. D'Ännerunge sollen elo sou séier wéi méiglech a Kraaft gesat ginn.