De Staatsbudget ass am Equiliber, also gëtt et kee Grond fir eng Steiererhéijung ze maachen, d'Leit an d'Entreprisen also net ze belaaschten. Dat sot den adr-Deputéierten Gast Gibéryen. Hie war e Freideg de Moien Invité vun der Redaktioun.
Hien huet d'Aarbecht vum Finanzminister Pierre Gramegna gelueft, allerdéngs präziséiert hien, datt et dat internationaalt wirtschaftlecht Ëmfeld wier, dat Lëtzebuerg ze gutt kéim. De Gast Gibéryen ass géint d'Accisen an och dogéint, datt d'Grondsteier erhéicht gëtt. Eng Medail hätt bekanntlech ëmmer 2 Säiten, sou datt de Wuesstem vun de Steieren och ëmmer e Wuesstem vun der Gesellschaft bréngt. De Staat kéimt net dolaanscht massiv ze investéieren, fir zum Beispill d'Problemer vum Trafic an de Grëff ze kréien.
Den Invité vun der Redaktioun mengt, datt et spannend gëtt mam Renouveau bei CSV an LSAP. Déi nei Presidenten Engel a Fayot hätte jo zum Beispill beim Lëtzebuerger Vetorecht bei europäesch Steierfroen, scho kontradiktoresch Aussoen zu der Parteilinn gemaach.
De Renouveau bei senger eegener Partei, der adr, wier och lancéiert, sou den Gast Gibéryen weider. Personell awer net onbedéngt programmatesch. Mir hu keng Ursaach fir eis Iddien ze änneren.
E Freideg de Moien war den adr-Deputéierte Gast Gibéryen eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.