Conseil National des Finances PubliquesStaatsfinanze sinn an der Rei, mä d'Onsécherheet ass extrem grouss

RTL Lëtzebuerg
No der Covid-Kris hate sech d'Staatsfinanzen erholl. Zejoert war et e Wirtschaftswuesstem vu 7 Prozent. Dëst Joer just vun annerhallwem.
Staatsfinanze sinn an der Rei, ma Onsécherheet extrem grouss
No der Covid-Kris hate sech d’Staatsfinanzen erholl. Zejoert war et e Wirtschaftswuesstem vu 7 Prozent. Dëst Joer just vun annerhallwem.

D’Covid-Kris huet der finanzieller Gesondheet vum Grand-Duché net all ze vill geschuet, ma déi aktuell Inflatioun an déi allgemeng Onsécherheeten drécken awer schwéier op d’Gemitt. Dat stellt Conseil National des Finances Publiques bei senger Evaluatioun vun de Staatsfinanze fest a rechent mat rouden Zuele bis 2026.

De Krich an der Ukrain an d’Präisdeierecht maache Lëtzebuerg ze schafen. Mir si méi impaktéiert, wéi aner Länner an der Eurozon, wat ënner anerem mat der Roll vun der Finanzplaz zesummenhänkt. D’Wuesstems-Prognose goufen zolidd no ënne revidéiert, sou de Marc Wagener, President vum CNFP. Mir haten zejoert 7 Prozent, dëst Joer just nach annerhallwe Prozent, dat gesäit ee an de Staatsfinanzen erëm. Och d’Ëmsetzung vun de Mesuren aus dem Accord aus der Tripartite belaaschten d’Staatsfinanzen.

2023 an déi Joren duerno dierft d’Croissance sech knapp ënner 3 Prozent stabiliséieren a bleift domadder ënnert dem Niveau vum leschte Véierelsjoerhonnert. De Budget wäert och eng Partie Joren defizitär bleiwen, sou d’Previsiounen.

Beim Zentralstaat wäert ee sech vun engem Defizit vun 300 Milliounen d’lescht Joer op 1,6 Milliarde verschlechteren a bis 2026 am Defizit bleiwen. Lo ass et un der Politik ze kucken, ob do Spillraum ass.

Well mer eis an engem extraordinäre Kontext befanne gëtt et keng generell Recommandatioun fir de Stabilitéits-Wuesstemspak, allerdéngs kéinten zum Beispill d’Evolutioun bei der Lounsteier an d’Situatioun bei der Sécurité Sociale fir de Lëtzebuerger Kontext besser consideréiert ginn.

Bei der Sécurité sociale,do ass den Iwwerschoss nämlech däitlech zeréck gaangen. 2019 war den Iwwerschoss nach bei iwwer enger Milliard, 2026 nach bei 200 Milliounen. De staarke Réckgang kann zum Deel mat de Pensiounen zesummenhänken. An den nächste Jore komme vill Pensionnairë bäi.

De Conseil huet och d‘Recettë bei den ëffentlechen Administratioune vun de leschte 25 Joer ënnert d’Lupp geholl.
Do ass ënner anerem opgefall, datt dës Recette pro Joer an der Moyenne ëm gutt 6 Prozent vum PIB eropgaange sinn.
D’Steiere maache knapp zwee Drëttel vun de Recetten aus, déi direkt Steieren dovunner 54 Prozent. Op den éischte Bléck ginn d’Léin méi besteiert wéi Firmen, ma d’Rechnung hei wier komplex an op där Plaz kéinte keng definitiv Conclusioune gezu ginn, sou de CNFP.

Bei den indirekte Steiere gëtt et virun allem bei den Accisen an de leschte gutt 15 Joer eng manner dynamesch Evolutioun, ënner anerem, well liicht manner Pëtrol verkaaft gouf.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO