Budget 2021Staatsschold ëm 30% besser wéi en „ideologeschen Austeritéitsprogramm“

RTL Lëtzebuerg
De Finanzminister Pierre Gramegna huet e Mëttwoch de Moien de Budgetsprojet fir 2021 deposéiert.
Presentatioun vum Budgetsprojet 2021
"Dëst ass en aussergewéinleche Budget fir aussergewéinlech Zäiten. Et ass e Budget vun der Solidaritéit a vun der nohalteger Relance", sou de Finanzminister.

D'Staatsschold klëmmt wéinst der Kris op 27,4% vum PIB. De Pierre Gramegna huet e Mëttwoch de Moien bei der Presentatioun vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer widderholl, et wéilt een d'Relance ënnerstëtzen. Op kee Fall dierften d'Investissementer erofgeschrauft ginn oder nei Steiererhéijunge kommen, déi net am Koalitiounsaccord virgesi sinn. De Pierre Gramegna huet deklaréiert: „A wann dat heescht, datt den Niveau vun der Dette wärend e puer Joer ronderëm déi Limitt vun 30% oszilléiert éier se erëm erofgeet, dann ass dat eng besser Perspektiv ewéi déi vun engem ideologeschen Austeritéitsprogramm“.

Lëtzebuerg hätt no den Iwwerschëss vun 528 Milliounen Euro am Joer 2018 a 60 Milliounen Euro d'lescht Joer eng gutt Ausgangspositioun, sou de Pierre Gramegna. Fir dëst Joer rechent de Finanzminister awer mat engem Budgetsdefizit beim Gesamtstaat (Administration Centrale, Gemengen a Sozial Sécherheet) vu ronn 4,4 Milliarden Euro. D'nächst Joer géinge sech d'Staatsfinanzen schonn erhuelen - virun allem duerch d‘Reprise économique - an den Defizit léich 2021 just nach bei 1,8 Milliarden Euro.

De Pierre Gramegna iwwer Investissementer

De Finanzminister huet de Budgetsprojet esou resuméiert: "Dëst ass en aussergewéinleche Budget fir aussergewéinlech Zäiten. Et ass e Budget vun der Solidaritéit a vun der nohalteger Relance". Aus der Kris kéint een 2 strategesch Feststellungen zeréckbehalen, sou de Pierre Gramegna. Engersäits wieren de Wuesstem an déi ëmmer besser Liewensqualitéit net garantéiert. Donieft hätt d'Pandemie „de Klimaskeptiker de Beweis ginn, datt dem Mënsch seng exzessiv wirtschaftlech Aktivitéiten de Planéiert staark belaaschten“. Et hätt een awer och gesinn, wat eng Welt ouni Wuesstem fir d'Staatsfinanze bedeit. D'Konklusioun wier kloer: „mir brauche Wuesstem, awer en nohaltegen“.

De Budgetsrapporter ass de gréngen Zentrumsdeputéierten François Benoy. De Budget fir d'nächst Joer gëtt viraussiichtlech virun der Chrëschtvakanz an der Chamber gestëmmt.

PDF: Déi ganz Ried vum Pierre Gramegna

Back to Top
CIM LOGO