De Kënschtler huet eis seng Uleiessen matgedeelt, elo geet et drëms ee "Fine Tuning" ze maachen. Dat sot de Staatssekretär am Kulturministère de Guy Arendt um Méindeg de Moien iwwert den éischte nationale Kulturentwécklungsplang, deen de Weekend iwwer presentéiert gouf. De Guy Arendt war den Invité vun der Redaktioun.
Den Kulturentwécklungsplang enthält iwwer 60 Proposen. Kritik gouf et, datt en awer net méi konkret wier. Dat léich dorunner, datt een hei misst fir d’éischt Recommandatioune festhalen, eng Richtlinn ausschaffen, eréischt elo géif et drëms goen déi ze verfeineren, esou de Guy Arendt, deen och och op Zesummenaarbecht mat der Kulturzeen hält.
Wat déi finanziell Mëttel fir d’Kultur ugeet, dierft ee sech och net virun engem Fong verschléissen. Dee wier zwar net vun haut op muer ëmsetzbar, mä eng Iddi. D’Subventiounspolitik misst nämlech op de Leescht geholl ginn.
Wat d’Kulturhaaptstad Esch 2022 ugeet, bedauert de Guy Arendt, datt et hei esouvill Gemauschels gouf. Hien ass iwwerzeegt, datt mat deem neien Organigramm Rou an den Dossier kënnt, an elo Konscht kéint gemaach ginn.
E Méindeg de Moien war de Guy Arendt eisen Invité am Studio.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren