
Dat sot ons de President vun der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun an DP Députéierten op Nofro hin. D’Deputéiert vun där Kommissioun géingen ënnert anerem nach eng Kéier d’Steierverwaltung héieren, fir nei Statistiken an Donnéeë presentéiert ze kréien. Da gëtt nach e Rapport als Basis fir den Debat preparéiert.
D’Deputéiert haten déi lescht Méint schonn eng Rei Entrevuë mat verschiddenen Beruffschamberen, mä och mat der Steierverwaltung oder nach der Douane. Den Debat war viru bal 2 Joer vun de 4 Oppositiounsparteien ugefrot ginn, dat wéinst dem Impakt vun der Covid-Kris op d’Staatsfinanzen. Hannergrond waren awer och d’Aussoe vum deemolegen CSV-President Frank Engel op reporter.lu an hei op RTL.
No der Covid-Kris koum elo de Krich an der Ukrain an d’staark Inflatioun, sou datt d’Fuerderungen no enger grousser Steierreform ëmmer méi staark ginn. D’Finanzministesch Yuriko Backes hat leschte Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich awer eng grouss Steierreform weider ausgeschloss, well de Sputt net dofir do wier. Elleng eng Upassung vun de Steierbarèmen un d’Präisdeierecht géing eng hallef Milliard Euro d’Joer kaschten. Wärend enger Kris wier et och net de Moment, Steieren erop- oder erofzesetzen. Si huet awer verséchert, si géing kucken, wat se nach fir elengerzéiend Stéit kéint maachen. Donieft géing d’Regierung nach ëmmer dorunner festhalen, datt e Projet fir eng Grondsteierreform am Hierscht soll um Dësch leien.
Eng grouss Steierreform ass also fir den Ament op no den nächste Chamberwalen 2023 verréckelt. De grousse Steierdebat géing also éischter als Virlag fir de Walkampf déngen.