
Fir Leit, dee festen Daach iwwert dem Kapp hunn, kann déi aktuell Hëtzt potentiell déidlech sinn, warnt d'Associatioun "Stëmm vun der Strooss" an engem Schreiwes. Si leet dowéinst déi nächst Zäit verstäerkt Wäert drop, fir gratis Waasser an hire Restauranten zu Hollerech, Esch an Ettelbréck ze verdeelen a mat grousse Prabbelien Schied ze maachen.
D'Streetworker an der Stad sollen e besonnesch A och op d'Leit op der Strooss halen.
E Pendant zu Wanteraktioun am Summer fir ënnert Daach ze kommen gëtt et net.