Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Strofrecht a Schutz kloer trennen

Pierre Jans
Mat de geplangte Reforme sollen d‘Volete Strofrecht a Schutz fir déi Mannerjäreg kloer getrennt ginn.
De Charel Schmit
Mat de geplangte Reforme sollen d‘Volete Strofrecht a Schutz fir déi Mannerjäreg kloer getrennt ginn.

Et ass eng ganz aner Philosophie wéi bis ewell. Am Virdergrond steet d‘Präventioun.

Verschiddenen Acteuren an deem Beräich sollen och aner Aufgabe kréien. Et si grouss Changementer an engem sensibele Kontext. Meenungsverschiddenheete ginn et der genuch.

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit seet, hie wär erféiert gewiescht wéi hien d‘lescht Woch d‘Direktesch vum Service central d’assistance sociale Marie-Claude Boulanger um Radio héieren hat. Si sot ënnert anerem, si géif et net gutt fannen, dass no der Reform just nach Jonker iwwer 14 Joer ënnert d’Jugendstrofrecht falen.

De Charel Schmit reagéiert:

„Déi 14 Joer, dat ass eng Recommandatioun vum Kannerrechtscomité vu Genf. Déi ass net nëmmen eng Moyenne vun den europäesche Länner, mä si ergëtt sech och aus enger Rei vun entwécklungspsychologeschen Etüden an Expertisen.“

D’Marie-Claude Boulanger hat dëst ze bedenke ginn: Een, deen een Dag manner ewéi 14 Joer al ass a seng Frëndin ëmbréngt, géing net ënnert d’Strofrecht falen. Esou extrem Beispiller géifen näischt zu der Diskussioun bäidroen, seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Et géifen allerdéngs déi néideg konkret Donnéeën iwwer Strofdote vu Jugendlechen feelen. Wéi al sinn déi? Vu wéi engen Doten ass rieds?

„Och d‘Lëtzebuerger Police, déi soss eng ganz sensibel a respektvoll Aarbecht mat de Kanner an hire Familljen mécht, publizéiert zanter fënnef Joer keng Statistiken méi iwwer d‘Jugendkriminalitéit. Doduerch erlabe mir eis de Luxus fir Phantomdiskussiounen ze féieren, ouni an der Saach awer Argumenter ze bréngen.“

Dem Ombudsman senger Meenung no wär eben de sougenannte SCAS déi Instanz, déi mat hirer Expertise esou Fakten kéint zur Verfügung stellen.

Déi nei Philosophie stellt ganz kloer d‘Rechter vum Kand an de Virdergrond. E Fräifaartsschäin wär et allerdéngs och net, mengt de Charel Schmit.

„Dat neit Jugendstrofrecht brécht mat der Banaliséierung vu bestëmmte Saachen an hëlt de Mënsch an d‘Responsabilitéit vun deem Alter vu 14 Joer un. Wat e méi al gëtt, wat déi Verantwortung méi grouss gëtt, well e méi räif ass a well en d‘Konsequenze vu sengem Handele ka reflektéieren. Prioritéit ass awer ëmmer, dass en doraus léiert an dass en net aus der Gesellschaft erausfält.“

Et ass eng human Approche. Jugendlecher, déi eng gréisser komme gelooss hunn, sollen op kee Fall am Prisong mat kriminellen Erwuessenen a Kontakt kommen. De Jugendprisong, d‘Unisec zu Dräibuer, gëtt vun 12 op 24 Unitéiten ausgebaut a gëtt an Zukunft vun der Prisongsverwaltung geréiert.

„Et ass och esou, dass eng Untersuchungshaft wäert agefouert ginn. Dat ass kannerrechtlech e grousse Progrès. All déi juristesch Garantien, déi och Erwuessener hunn, gëllen och endlech fir jugendlech Stroftäter.“

Déi ganz Reform beinhalt 3 Gesetzestexter, déi den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher begréisst. De Charel Schmit betount och, dass an Zukunft méi Leit am Jugendschutz schaffe wäerten an Double-emploien evitéiert wäerte ginn.

Back to Top
CIM LOGO