Qualitéit vun Enseignantsausbildung um SpillStudentevertrieder SNE an SEW géint "Bachelor en Formation pédagogique"

RTL Lëtzebuerg
D'Reform beim sougenannte Quereinsteiger schmaacht de Gewerkschaften SNE an SEW iwwerhaapt net.
© Envato Valeriygoncharukphoto

Leit mat engem Bachelor-Diplom, deen eppes mat Schoul ze dinn huet, kréien no engem Joer Studium an der Pedagogie an an der Didaktik Accès op de Schoulmeeschterconcours fir d’Cyclen 2 bis 4. Domat wiere si de Studenten aus dem Bachelor “Sciences de l’Éducation” quasi gläich gestallt, wat de concernéierte Studentevertrieder och sauer opstéisst. Mat 6 Wochen Terrain kéint een net déi selwecht Experienz maachen ewéi mat 30 Wochen Terrain. Et wier ee kloer géint de Bachelor en Formation pédagogique (BFP), also de Quereinsteiger 2. D’Qualitéit vun der Enseignantsausbildung dierft net liichtfankeg op d’Spill gesat ginn.

Link: D’Schreiwes vun de Studentevertrieder SNE an SEW.

Back to Top
CIM LOGO