
Esou wëll een enger méiglecher formeller Oppositioun direkt schonn entgéintwierken. Eng kleng Iwwerraschung ass dann, datt d’Spärstonn méiglecherweis schonn direkt e Freideg opgehuewe gëtt, dat wann d’Gesetz wéi virgesinn e Freideg de Mëtte gestëmmt gëtt, an d’Dispens vum Staatsrot souwéi och d’Publikatioun géing e Freideg de Mëtte kommen. Sou kéinten am Horeca Secteur d’Dieren schonn e Freideg den Owend och no 23 Auer opbleiwen.
De President vun der Santéskommissioun, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo:“Wat net onwichteg ass, ass datt dëse Projet anescht wéi seng Virgänger, direkt den Dag vu senger Publikatioun a Kraaft trëtt. Bei deenen aneren, wou et meeschtens ëm Restriktioune gaangen ass, do war et esou, datt et deen Dag no der Publikatioun géing a Kraaft trieden.”
Virausgesat natierlech, d’Leit aus dem Secteur kréien sech iwwerhaapt séier genuch opgestallt fir opzemaachen oder méi laang op ze loossen. D’ADR begréisst dann d’Upassungen, mee d’Begeeschterung hält sech trotzdeem a Grenzen.
Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen: “Et ass scho richteg, datt di vereenzelt Positiounen eis Satisfaktioun ginn, mee et bleift awer nach villes ze maachen.”
Et misst een endlech Uerdnung an d’Gesetz bréngen an aus deem Labyrinth vu deene Mesuren erauskommen. D’ADR fuerdert jo d’Ophiewe vun alle Mesuren.
Nieft villen techneschen Umierkunge war ee Kritikpunkt vum Staatsrot, datt Mesuren net staark genuch mat wëssenschaftlechen Donnéeën ënnerluecht wieren. Dëst monéiert d’CSV schonns zanter Wochen.
De Co-Parteipresident Claude Wiseler: “Mir hunn virun enger ganzer Rei Deeg d’Regierung fir eng Evaluatioun vun deene Moossnamen déi geholl ginn sinn, gefrot. Mer wollte wëssen, wat se dann elo bruecht hunn. Respektiv hätte mer net ongär eng Aschätzung op d’mannst wat d’Regierung mat deenen neie Moossnamen déi se elo proposéiert hunn, wëll areechen.”
De Mars Di Bartolomeo rechtfäerdegt d’Entscheedunge vun der Regierung awer domat, datt ee sech schonn no empiresche Wäerter géing riichten: D’Belaaschtung vun de Spidolsbetter, mi liicht Krankheetsverleef, an en méi héijen Impftaux.
Um Donneschdeg de Moie gouf dann och präziséiert, datt am Privatsecteur den 3G op der Aarbechtsplaz fakultativ wäert ginn. An der Fonction Publique bleift den 3G bestoen.