
“Dee Kanal sollt besser genotzt ginn”, seet d’Apdiktesch Claude Hostert-Pfeiffer. Als Administratrice vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter war si mat bedeelegt, fir d’Wäissbuch mat entspriechende Fuerderungen aus dem Secteur auszeschaffen. De Service um Client kéint ausgebaut ginn, esou wéi och d’Preventioun.
Wie seng Medikamenter an d’Apdikt siche geet, kritt dacks och erkläert, wéi a wéini ee se huele soll. Bei méi laangfristegen Traitementer misst et dem Syndikat vun den Apdikter no d’Méiglechkeet ginn, e Suivi direkt an der Apdikt ze kréien. Eng weider Iddi, esou d’Claude Hostert-Pfeiffer, ass déi vum Pharmacien référent, wéi et en an der Belsch scho gëtt. De Pharmacien référent ass zoustänneg, fir dem Patient e Medikatiounsplang auszeschaffen, deen och ëmmer à jour ass. Dat bedeit, dass ëmmer wann en neit Medikament dobäi kënnt, de Medikatiounsplang och vum Apdikter oder der Apdiktesch adaptéiert gëtt.
Esou wier et fir de Patient och méi einfach, d’Medikamenter richteg a reegelméisseg anzehuelen. Och wann haut scho vill Berodung géing gemaach ginn, wier et wichteg, dee Volet ze institutionaliséieren.
Eng weider Fuerderung aus dem Wäissbuch vum Syndikat vun den Apdikter ass d’Preventioun. D’Apdikter kéinten zum Beispill bei Campagnë géint chronesch Krankheete mathëllefen oder och direkt sur place impfen. D’Claude Hoster-Pfeiffer bedauert, dass et den Apdikter just wärend der akuter Phas vun der Pandemie méiglech war, ze impfen. Déi Expertis, déi d’Apdikter elo hunn, kéint zum Beispill och fir d’Grippen-Impfung genotzt ginn. Doriwwer eraus sollt den Dialog mat den Dokteren ausgebaut ginn an d’Apdikter kéinte méi a Recherchen a Pilotprojeten involvéiert ginn.
Enkpäss bei Medikamenter ginn opgefaangen
Bei de Medikamenter wieren nach ëmmer eng Rei Enkpäss do, ma et hätt een et awer bis ewell ëmmer fäerdeg bruecht, Equivalenzen ze fannen, esou d’Apdiktesch Claude Hostert-Pfeiffer vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter. De Problem wier weltwäit do, ma duerch d’Nopeschlänner, wier Lëtzebuerg awer nach relativ gutt gestallt. Et géing een ëmmer kucken, fir d’Medikamenter, déi feelen, aus der Belsch, Däitschland oder Frankräich z’importéieren. Respektiv et gëtt och no Alternative gesicht, esou d’Claude Hostert-Pfeiffer.
De Problem wier awer, dass d’Apdikter an der Moyenne 10 Stonnen d’Woch domadder verbréngen, fir Equivalenzen ze fannen. Nach virun e puer Joer wieren dat just 5 Stonnen d’Woch gewiescht, et géing ee gesinn, dass dat däitlech geklommen ass.
Déi Zäit wier beim Patient besser investéiert, esou d’Claude Hostert-Pfeiffer. An engem Wäissbuch huet de Syndikat vun den Apdikter Fuerderungen ausgeschafft, déi och an déi Richtung ginn. Nämlech e bessere Suivi vun de Patienten, esou wéi och d’Preventioun - wéi d’Impfen an den Apdikten - weider auszebauen.