Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana hat dozou eng Aktualitéitsstonn gefrot. An de Riede goung et ëm Stereotyppen, ëm de Beruffswonsch an ëm Fraen a Schlësselpositiounen. Alles Fuerderungen, déi schonn zanter Jore widderholl ginn.
No bal enger hallwer Stonn zum Thema Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter war d’Chantal Gary déi éischt Politikerin déi geschwat huet.
Déi gréng Deputéiert huet d’Problematik vun de feelende Plazen an de Fraen- a Männerhaiser ugeschwat. Vu sexualiséierter Gewalt a Mëssbrauch sinn de Statistiken no awer virun allem Frae betraff. D’Chantal Gary huet sech op konkret Statistike bezunn:
“D’Donkelziffer seet, dass eng Fra vun dräi an hirem Liewen Affer vu Gewalt gëtt. An der Pandemie muss een dovunner ausgoen, dass Gewalt am Stot an d’Luucht gaangen ass. Eng weider erschreckend Zuel, déi virläit: An der Moyenne intervenéiert d’Police zweemol am Dag am Grand-Duché am Fall vun haislecher Gewalt. Enger rezenter Etüd vum OGBL no, hu 46% vun de Befroten uginn, schonn emol Affer vu Sexismus gewiescht ze sinn an 19% vun Harcèlement sexuel.”
Och bei der Beruffswiel géing ee gesinn, dass et ëmmer nach typesch weiblech oder typesch männlech Aarbechte gëtt. Eng Problematik, déi den ADR-Deputéierte Jeff Engelen net wollt unerkennen.
Dass et a spezifesche Beräicher, wéi der Relioun souguer net méiglech ass, dass Fraen déi nämmlecht Beruffer maache wéi d’Männer, huet den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Goergen kritesch gesinn:
“Ech kann einfach net averstane sinn, wéi d’Reliounen an och d’kathoulesch Kierch d’Frae behandelt. Mir liewen haut an enger Gesellschaft, déi seet, eng Fra kann net Paschtouer ginn. Dat ass awer eigentlech den Ament en Tabu, fir dat iwwerhaapt ze änneren oder ze thematiséieren.”
D’Fraerechter sollten dann och an der Aussepolitik ugeschwat ginn, wa se an de Partnerlänner net respektéiert ginn.
D’Problemer sollen un der Wuerzel ugepaakt ginn, sot d’Egalitéitsministesch Taina Bofferding an hirer Interventioun, dowéinst wëll si virun allem géint Stereotyppe virgoen.
“Well de Problem mat de Stereotyppen, Clichéen a Prejugéen ass, dass se oft net fair sinn, si féieren zu ongerechte Beuerteelungen a virun allem schränke se an.”
Den Teletravail wier dann och keng Léisung, fir Job a Famill besser ënnert en Hutt ze kréien. Dat géing dacks op d’Fraen zeréckfalen, déi da quasi zwou Tâchë parallel hätten. Et wier dann och net just den 8. Mäerz um Weltfraendag, fir esou Themen unzeschwätzen, mee generell misst méi Bewosstsinn geschafe ginn.
D’LSAP-Fraen hunn e Mëttwoch an engem Schreiwes d’Aussoe vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen um Weltfraendag als “inakzeptabel” bezeechent. Dem Politiker seng Aussoen an der Chamber, Frae wieren “vun Natur aus"net esou “interesséiert u Féierungsposten”, wiere fraefeindlech a géingen net an eng ëffentlech Sëtzung vun der Chamber gehéieren. Fraen als “méi einfach"ze bezeechnen an “biologesch Ënnerschidder” als Ursaach vu verschiddene Verhalensweisen unzeféiere géing weisen, wéi wichteg et ass, sech weider fir d’Gläichstellung anzesetzen. D’LSAP-Fraen hu vum Deputéierten eng Entschëllegung gefuerdert.