De éischte Constat, dee gemaach gouf, ass, dass d'Entreprisë virun allem op Direkt-Hëllefen an op de Moratoire bei de Banken zeréckgegraff hunn. 135 Milliounen un diversen Direkt-Aiden goufen ugefrot an 18.000 Moratoiren an Héicht vun iwwer 3,6 Milliarden Euro. D'Kreditter ënner Staatsgarantie par contre goufe quasi net ugefrot, do koume just 186 Demanden eran. De CSV-Deputéierte Laurent Mosar:
"Dat heescht et mierkt ee ganz genau hei, dass eigentlech d'Entreprisen – an dat ass och verständlech- sech net wëllen zousätzlech nach hei verschëlden. Si wëlle mol fir d'éischt hir Kreditter zeréckbezuelen déi lafen, an do wëlle se zousätzlech Zäit kréien. Si wëllen natierlech och vun Aides non remboursables profitéieren. Mä si sinn net onbedéngt ganz schaarf, fir zousätzlech nei Kreditter unzefroen."
D'Moratoirë géingen op alle Fall Enn des Joers auslafen, do misst ee sech elo d'Fro stellen, wéi et duerno viru geet. Well och nom Enn vum Joer wäre bestëmmt eng Rei Entreprisen do, déi hir Kreditter net kéinten zeréckbezuelen, sou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Äntwerten dorop wären et en Donneschdeg de Moien an der Kommissioun nach keng ginn.