D'Affär Jos XTëscht Vergiessen a Wourecht: Eng Debatt iwwer d'Pressefräiheet 

Dan Wiroth
D'Fro, wéi wäit d'Recht op Vergiessen – de sougenannten "droit à l’oubli" – dierf goen, stellt d'Justiz an d'Medien ëmmer méi op d'Prouf.

Besonnesch, wann et ëm al Geriichtsaffäre geet, kollidéieren zwou fundamental Prinzippien: de Schutz vun der Privatsphär an d'Pressefräiheet. 

De fréiere Präsident vun der Bréifdréiesch Gewerkschaft, wëll a Vergiessenheet geroden: 
Am Fall vum Jos X., engem vun de gréisste Bedruchsskandaler zu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich, geet et ëm de fréiere President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft, deen an den 1990er Joren e Spuer- an Investmentfong fir Bréifdréier proposéiert hat. D'Suen – Milliounen – goufen awer net nëmme schlecht investéiert, mee zum Deel och fir privat Zwecker benotzt an esou verontreit. Honnerte Betraffener si bis haut net vollstänneg rembourséiert ginn. 

"Droit à l'oubli" versus historesche Wäert 
Joerzéngte méi spéit huet de Verurteelte juristesch géint CLT-UFA, dat heescht RTL geklot , déi säin Numm genannt hunn a säi Gesiicht gewisen hunn an der Kriminal Emissioun DNA, engem historeschen Dokument  – a sech dobäi op den "droit à l’oubli" beruff. D'Geriichter hunn him an éischter an an zweeter Instanz Recht ginn. D'Affär läit elo zu Stroossbuerg, wat der Affär nach eng méi international Dimensioun kéint ginn, besonnesch fir déi europäesch Pressefräiheet, déi hei staark a Fro gestallt ass.

Tëscht Dateschutz an ëffentlechem Interessi  
Dës Decisioun léist staark Debatten aus. De Presserot schwätzt vu schwéierer Zensur vun der Pressefräiheet. Kritiker warnen, datt esou Urteeler d'Aarbecht vun de Journalisten erschwéieren an d'Recht vun der Ëffentlechkeet op Informatioun a Gefor bréngen. Wann Nimm an Zesummenhäng aus der Geschicht verschwannen, besteet de Risiko, datt och d'kollektiv Erënnerung a wichteg Lektioune verfälscht ginn. 

Op där anerer Säit ënnersträicht den Dateschutz, datt och verurteelt Persounen e Recht op eng zweet Chance hunn. D'Balance tëschent Transparenz an Dateschutz ass domat eng komplex Debatt, déi am digitalen Zäitalter ëmmer méi wichteg gëtt. 
D'Fro bleift: Wéi vill Vergaangenheet dierf verschwannen, ouni d'Geschicht ze verzerren? De fréiere Procureur général d'État, Roby Biever, betount, dass de fréiere Gewerkschaftler e Personnage public war an dass säin Numm genannt sollt ginn.  

Colloque iwwer d'Archive vun der Justiz
Colloque iwwer d'Archive vun der Justiz
© Dan Wiroth

Back to Top
CIM LOGO