Déi staatlech Autoritéit ALIA këmmert sech zu Lëtzebuerg ëm den audiovisuelle Beräich.
Zu de Missioune gehéiert et, fir a verschiddene Fäll en Avis ofzeginn, wann am Ufank eng Autorisatioun gefrot gëtt, fir iwwerhaapt kënnen ze diffuséieren.
Eng zweet grouss Missioun ass d'Iwwerwaache vum Contenu vun den existente Senderen, seet den Thierry Hoscheit, President vum Verwaltungsrot vun der ALIA. Hie war um Freideg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Et musse gewëss Kritären agehale ginn.
D'ALIA ass net just zoustänneg fir déi Sender, déi op Lëtzebuergesch senden, am Ganze sinn et 94 Televisiouns- an 18 Radiossender. Dat wier mat enger Equipe vu 5 Leit net ëmmer einfach, notamment fir sproochlech Barrièren ze iwwerwanne misst een heiansdo op extern Hëllef zeréck gräifen, esou den Thierry Hoscheit.
Wéi et ausgesäit wäert d'ALIA an Zukunft net manner Aarbecht kréien: eng EU-Direktiv gesäit vir, datt Online-Plattformen op deene Video gedeelt ginn bei den Zoustännegkeetsberäich vun de Regulateuren derbäi kommen. A mam Brexit kéinten eng Rei Senderen déi an Europa wëllen diffuséieren, sech Lëtzebuerg fir eng Lizenz eraus sichen.
D'EPRA, d'Organisatioun vun den europäesche Regulateuren am genannte Beräich, organiséiert zwee mol d'Joer eng grouss Konferenz. Dee Rendez-vous ass dës Kéier zu Lëtzebuerg an zwar den 23. Mee.
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war den Thierry Hoscheit vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren