Beim neie Bezuelsystem fir Dokterrechnunge gëtt et éischt Detailer. Den neien elektronesche System soll an 3 Joer funktionéieren, seet de Sozialminister Romain Schneider. Hie war e Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun.
De Minister schwätzt vun enger Win-Win-Situatioun, fir all d'Säite soll et méi einfach ginn.
De Patient loggt sech beim Dokter iwwert en Chip un, wou kontrolléiert gëtt, dass en effektiv bei der Securité Sociale ugemellt ass.
Hie steiert direkt seng Participatioun bäi, déi direkt ofgebucht gëtt. Den Dokter kritt dann och direkt seng Prestatioun rembourséiert.
De System soll elo zesumme mat alle Partner ausgeschafft ginn.
Bei der Nomenclature vun den Akten a Servicer vun den Doktere geet de Romain Schneider dervunner aus, datt et geschwënn nees kann en Dialog ginn. De Minister hofft, datt d'Dokteren nees zeréck un de Verhandlungsdësch kommen. Bei der CNS zum Beispill hätt villes geännert an d'Dialogbereetschaft vun där Säit wier op alle Fall do, mengt de Romain Schneider.
Beim Ressort Landwirtschaft goufen et éischt Gespréicher mat Bauereverbänn, do goung et virun allem ëm d'Regierung-Ziler a punkto Glyphosat a Bio.
Natierlech hätten d'Baueren eng Rei Bedenken, notamment op wirtschaftlechem Plang. Ma allgemeng wier de Retour net all ze negativ gewiescht, esou de Romain Schneider
Bei der Partei vum Romain Schneider gëtt jo den Ament vill iwwer inhaltlech a personell Erneierung diskutéiert. Hie fir säin Deel wier op alle Fall voll motivéiert, fir säi Ministermandat fäerdeg ze maachen, sollt d'Gesondheet dat erlaben, esou nach de Romain Schneider.
E Mëttwoch de Moie war de Minister fir d'Sécurité sociale a fir d'Landwirtschaft eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.