"D’Klimakris ass net eppes, wat an e puer Joerzéngte kënnt. Si ass schonn hei. An all nei Hëtztwell erënnert eis drun, datt mir handelen mussen." Dat huet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz op Facebook deklaréiert.
De Moie froe mir si hei op RTL, wat "handelen" konkret bedeit a wéi dat mat den aktuellen demokratesche Verhältnisser – an anere Wieder mat anere Parteien um Rudder – iwwerhaapt realistesch ass?
Mat hir schwätze mer och iwwert den Asylpak, deen de gréissten Deel vun de Grénge verwerfen, mee vun der Chamber a vum Europaparlament gréng Luucht krut.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.