Invité vun der Redaktioun (20. Abrëll)Tom Wirion iwwer d'Lëtzebuerger Handwierk

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de Generaldirekter vun der Chambre des métiers Tom Wirion.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Tom Wirion
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de Generaldirekter vun der Chambre des métiers Tom Wirion.

Zejoert goufe méi wéi d'Halschent vun den Aarbechtsplazen an den Handwierksbetriber hei am Land vu Frontaliere besat. All zweeten deen am Handwierk schafft, ass also e Frontalier, sou de Generaldirekter vun der Chambre des métiers Tom Wirion um Freideg de Moien am RTL-Interview. Duerch des Entwécklung géif ee wuel "savoir-faire" kréien an awer géif se op wackelege Féiss stoen, jee nodeem wéi d'Situatioun sech an en Nopeschlänner entwéckelt. Duerfir misst een och hei am Land den Hiewel usetze fir d'Residente Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger an d'Handwierk ze kréien. Grad bei de Lëtzebuerger dierft deen Exercice schwiereg ginn. Si maachen fir den Ament grad mol 14% vun den Handwierksplazen aus. Trotz Imagecampagnen a Communicatiounsefforten. Wéi wëll d'Handwierkerkammer dat änneren? Et misst een un der Mentalitéit schaffen, an dat géif net vun haut op muer goen, sou den Tom Wirion. Zanter dem 20. Abrëll gëtt et dann och en neie Service mam Numm "Perspektiv Handwierk", wou een déi verschidde Facette vum Handwierk wëll weisen. D'Thema Handwierk soll och an der Grondschoul schonn thematiséiert ginn, sou den Tom Wirion.

Den Tom Wirion

Den Ament ass d'chambre des métiers och am Gaang un neie schoulesche Perspektiven op Héichschoulniveau ze schaffen.  Lëtzebuerg géif hei nach an de Kannerschong stiechen, sou den Tom Wirion. Wann een awer méi Leit an d'Handwierk kréie wëll, da misst een och no uewe Perspektive bidden. D'Handwierkerkammer huet éischt Initiative mat der Fachhéichschoul zu Tréier geholl, ma d'Offer soll och zu Lëtzebuerg selwer ausgebaut ginn. Donieft soll d'Iddi vun engem DAP mat enger Première weider gefouert ginn.

Un de Premier appelléiert den Tom Wirion an der Ried zur Lag vun der Natioun net nëmmen un d'Start-Uppen ma och un d'kleng a Mëttelbetriber ze denken.

Fir sech ze developpéieren brauchen d'Handwierksbetriber och Terrainen.... op d'mannst 90 Hektar fir direkt Besoinen. 
"Muss een da Google heesche fir hei am Land un Terrainen ze kommen?" hat d'Handwierkerkammer Uganks des Joers op hirem Neijoerschpatt gefrot.

Net nëmmen d'Betriber déi vu bausse kommen, ma och déi eenheemesch misste Plaz zur Verfügung gestallt kréien, sot den Tom Wirion um Freideg de Moien. Ma bis ewell hätt sech do awer näischt gedoen. D'Chambre des métiers suivéiert dowéinst mat Interessi d'Plans sectoriels déi elo an de Regierungsrot komme sollen a wëll sech, wann néideg, dann och dozou zu Wuert mellen.

Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de Generaldirekter vun der Chambre des métiers Tom Wirion.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO