
Den 2. Januar 2019 koum et géint 15 Auer zu Wolz an der Rue Grande-Duchesse Charlotte zum trageschen Tëschefall, bei deem e Kand ëm d'Liewe komm ass. 4 weider Persoune goufe blesséiert.
D'Police freet elo no eventuellen Zeien, déi den Accident gesinn hunn, Fotoe gemaach hunn oder souguer mam Handy gefilmt hunn. Si solle sech w.e.g. um 113 mellen oder bei der Police um (+352) 4997-6111.
Gesicht gëtt virun allem no enger Fra, déi hannert dem Täter-Won (bloe Citroën C4) laanscht gaangen ass, wéi deen an der Strooss d'Kéier gemaach huet.
