Am Wierk zu Rodange ginn d’Tramsschinnen an Zukunft produzéiert, sou de Roland Bastian. Bei enger éischter Ausschreiwung vu Luxtram gouf British Steel zréckbehalen fir d’Schinnen ze produzéieren.
Elo deemnächst ännert dat awer an et sinn da Rodanger Schinnen, iwwert déi den Tram fiert, dat vun der Stäreplaz bis op d’Gare. Fir all weideren Ausbau gëtt et nees eng nei Ausschreiwung.

Baubranche, Automobilindustrie an CO2-Zertifikater
Fir de President vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg, Michel Wurth, huet de Stolsecteur eng grouss Zukunft an dat och zu Lëtzebuerg. Fir de ganze Arcelor Group war zejoert ee relatiivt gutt Joer. Fir Arcelor Mittal Lëtzebuerg allerdéngs ass d’Situatioun liicht duerchwuess.
D’Produktioun vu Stol bleift weltwäit op engem héije Niveau, d’Baubranche an d’Automobilindustrie bleiwen déi wichtegst Secteuren. Eng Schwieregkeet déi een hätt, besonnesch am Grand-Duché, wier dass een d’CO2-Zertifikater all opgebraucht hätt an een der elo um Marché misst akafen.
Site zu Diddeleng a Biissen
Datt de Site zu Diddeleng verkaf gouf, wier keng Entscheedung vun ArcelorMittal gewiescht, ma eng Oplag vun der Europäescher Kommissioun, esou de Roland Bastian. D’Wierk zu Diddeleng soll am 1. Trimester dëst Joer verkaf ginn.
Zu Biissen géif een elo méi enk mat der Firma Wire Solutions schaffen, déi schonn zum Grupp vun ArcelorMittal gehéieren. Fir iwwer 1'000 Clienten gi Stolproduiten produzéiert. Duerch eng méi enk Zesummenaarbecht soll d’Produktivitéit gesteigert ginn, esou de Responsabele vun der Fabrick zu Biissen.
Mat iwwer 4.000 Mataarbechter bleift ArcelorMittal eng vun de gréissten Entreprisen zu Lëtzebuerg.
De Michel Wurth ass en Dënschdeg dann och op d’Sécherheet am Betrib agaangen. Am Dezember zejoert gouf et jo bei Arcelor Mittal zu Esch een déidlecht Accident, wou ee Mann vun 33 Joer vun engem Daach gefall ass. Ofgesi vun deem trageschen Ongléck hätt een d’lescht Joer déi beschte Resultater am Beräich Sécherheet a Santé virzeweisen. Et léich een bei 0,62 Accidenter am 3te Quartal vum leschte Joer.
2021 soll jo um Kierchbierg déi néi Zentral vun Arcelor Mittal opgoen. Hei géif et weider keng Nouveautéite ginn, huet et de Muere geheescht. Et hätt ee just mam Architekt d’Fassade missten iwwerschaffen, well d’Stater Gemeng do eppes auszesetzen hat.
Weider Detailer den gëtt et en Dënschdeg den Owend an de Journale vu Radio an Tëlee.