
28. Dezember 2021 - Zwee Jugendlecher schellen un der Dier vun enger eelerer Persoun zu Monnerech. Se schwätze franséisch. Se soen, se géifen fir eng ONG Suen ophiewen. A se froen, fir eppes ze drénken ze kréien. Déi eeler Persoun léisst déi 2 an d’Haus. D’Fra gëtt ofgelenkt. Se geet d’Waasser sichen. Déi 2 Jugendlech klauen iwwerdeems de Portmonnie. Déi 2 Täter maache sech uschléissend duerch d’Bascht. D’Fra rifft d’Police. Et gëtt direkt eng Sichaktioun an der Ëmgéigend an d’Weeër geleet. Den Hondsmeeschter an en Helikopter kommen an den Asaz. Et dauert net laang, bis déi 2 gestallt ginn, confirméiert d’Police op Nofro hin.
Et stellt sech eraus, dass déi Zwee mannerjäreg sinn. De Parquet decidéiert, béid an eng zoue Struktur ze placéieren. De Jugendriichter ass mam Dossier befaasst. Deelt de Parquet op Nofro hi mat.
Dräi weider änlech Tëschefäll ginn et zu Bartreng (27. November), Käerjeng (8.12.) a Suessem (16.12.). Déi dräi Fäll landen all um Parquet.
De Modus operandi ass bei dëser Variant vun Trickdéifstall ëmmer änlech: Et gëtt no Sue gefrot an d’Affer ginn an e Gespréich verwéckelt an no eppes ze drénke gefrot. Wärend dësem Oflenkungsmanöver klauen d’Déiwen dann de Portmonnie. Iwwer Trickdéifställ an aner Bedruchsmasche kommunizéiert d’Police jo reegelméisseg.
D’Affer waren an de genannte Fäll aus dem Süde vum Land effektiv heefeg eeler Persounen, wat net heescht, datt net awer vläicht och bei méi jonke Leit probéiert gouf. Wann nach Leit Affer goufe, gëtt recommandéiert, bei der Police Plainte ze féieren.
“Generell rode mir, ëmmer virsiichteg ze sinn, wann onbekannte Leit schellen. Et sollt een evitéiere, sech an e Gespréich verwéckelen ze loossen a Friemer net liichtfankeg eraloossen. Och sollt ee sech bei falsche Spendesammler oder Leit, déi vun Dier zu Dier ginn an engem ongefrote Servicer ubidden, oppassen. Verdächteg Persounen, Autoen oder Virfäll kann een natierlech zu all Ament dem Noutruff 113 vun der Police mellen”, sou d’Police.