Sex mat MannerjäregerTrotz Bezéiung, Parquet freet 7 Joer Prisong wéinst Viol

RTL Lëtzebuerg
En erwuessene Mann muss sech wéinst enger Bezéiung zu engem mannerjärege Meedche veräntweren. Béid soten awer um Stater Geriicht, si hätte sech gär.
© AFP

"Ech war an enger Bezéiung, déi net gutt gelaf ass. Hie wollt mech an den Aarm huelen, et huet mer gutt gedoen. Mir hunn eis gekësst, et huet sech gutt ugefillt an et ass zum sexuellen Akt komm", dat sot den Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht eng jonk Fra vu 17 Joer, där hire Frënd vu 40 Joer wéinst Viol vum Meedchen de Prozess gemaach krut.

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Dem Mann gëtt virgehäit, d'jonk Fra, vun déi Zäit ëm déi 15 Joer, tëscht Februar a Juli 2016 bei sech doheem, a sengem Auto an an Däitschland vergewaltegt ze hunn. Dem Meedchen no si si zwee awer nach ëmmer "zesummen a glécklech".

Déi jonk Fra, déi zum Deel ënner Tréinen aussot, goung en Dënschdeg op den Dag genee virun 3 Joer mat enger Schoulkomerodin, der Duechter vum Mann, eraus. D'Meedercher hate gedronk, ma si hätt gewosst, wat si maache géif, huet déi jonk Fra den Dënschdeg de Moie verséchert. Si an de Papp vun der Klassekomerodin hätten et deemools net einfach gehat, alles, wat geschitt ass, wär och vun hir gewollt gewiescht a si zwee hätten net driwwer nogeduecht, wéi al si wären. Dat stéiert d'Meedchen och haut nach net, wéi si sot. Si wären dono allen zwee duerchernee gewiescht, si selwer hätte sech net wëllen agestoen, dass Gefiller am Spill wären, mä dat wär de Fall.

"Ech hu probéiert opzehalen, ma et ass net gaangen: D'Gefiller ware méi staark", huet och den Ugeklote betount. Den Alter wär keen Thema, obwuel hien erausfonnt hätt, dass et net legal war. Et wär him awer net bewosst gewiescht, dass et als Viol géif ugesi ginn. Hie wéisst, dass hie sech strofbar gemaach hätt, ma hien hätt déi jonk Fra iwwer alles gär a wéilt en neit Liewe mat hir ufänken.

Iwwerdeems eng Psychiaterin erkläert huet, dass de Mann net krank a strofrechtlech responsabel wär, sot eng Enquêtrice vun der Police judiciaire, d'Meedchen hätt d'Faite fir d'éischt bestridden an dono zouginn.

Nodeems de Me Henri Frank, Affekot vum Beschëllegten, deem säi Fräisproch verlaangt huet, well deen net vun der jonker Fra abuséiert hätt, huet d'Vertriederin vum Parquet gemengt, eng Persoun ënner 16 Joer kéint keng Zoustëmmung zu engem sexuellen Akt ginn. Fir den Ugekloten, dee Léift mat Sex verwiesselt a sech net zréckgehalen hätt, wäre keng "Circonstances atténuantes" dran: Hie sollt dowéinst fir 7 Joer an de Prisong. D'Uerteel gëtt de 27. Februar gesprach.

Back to Top
CIM LOGO