Am Kader vum internationalen Dag vun der Palliativ-Fleeg huet d’Wonschkutsch ASBL zesumme mat der Association Luxembourgeoise de Médecine Palliative (ALMP) an der Association luxembourgeoise des infirmiers anesthésistes (Aliar) op eng Konferenz invitéiert, op där et ëm d’Fro goung, wien wéi dierf handelen am Fall wou e Palliativ-Patient net méi selwer am Stand ass iwwer Liewen an Doud ze entscheeden.
Et gëtt e spezifescht Palliativ-Gesetz, an trotzdeem bleiwen a kritesche Situatioune Froen op. Juristesch ass een ëmmer gutt beroden en Dokter erbäi ze ruffen, deen dann d’Decisioun trëfft, ob de Patient nach medezinesch versuergt gëtt oder net.
Grad bei der Palliativ-Betreiung spillen awer natierlech och d’Wënsch vum Patient selwer an d’Aschätzunge vu sengem Entourage eng wichteg Roll.