
Dat seet den DP-Finanzminister Pierre Gramegna am Zesummenhang mat der sougenannter TVA-Karussell-Fraude.
D’lescht Woch hat e Konsortium vu Journalisten - dorënner Reporter.lu - bericht, wéi zanter Joren d’Steierverwaltungen an der EU all Joer ëm 50 Milliarden Euro bedru ginn.
Bedru ginn d’Steierverwaltungen, andeems Firmen an engem EU-Land, Bréifboitegesellschaften an aneren EU-Länner benotzen fir Suen vun de Steierverwaltungen zeréckzekréien, déi se ni abezuelt hunn.
Zu Lëtzebuerg ass och „Mol heiansdo“ eng Firma am Karussell-Circuit dran, seet de Pierre Gramegna. Mee Lëtzebuerg wier u sech net attraktiv fir déi Fraude, well den TVA Taux hei am Land dee niddregsten an der EU ass.
De Finanzminister betount awer: Lëtzebuerg wier trotzdeem staark mobiliséiert. D’administrativ Strofe si mi streng ginn an um penale wier en Text ënnerwee. Donieft géing d‘Administration de l’Enregistrement et des domaines och - Zitat - „ganz proaktiv“ mat den anere Memberstaaten zesummeschaffen.
Méi wéi eng Dosen Agente sinn am Service „Anti-Fraude“, wat „fir Lëtzebuerger Verhältnisser ganz vill“ wier. Donieft wier wéi gesot den „Déchêt fiscal“ zu Lëtzebuerg kleng wat weise géing datt „mir ganz effikass sinn“.
Gréisst Verléierer vun der Karussell Fraude sinn aner EU-Länner wéi Däitschland. D’EU-Kommissioun huet am Moment eng Rei Proposen um Dësch fir „eventuell bis 2015“ en definitiven TVA-System op d’Been ze stellen an „do schafft Lëtzebuerg natierlech proaktiv mat“.
Reporter.lu hat geschriwwen, datt eng Propos vun der EU-Kommissioun de Montant vun der Fraude ëm 80% kéint reduzéieren. Dee System kéint awer mat sech bréngen, datt Lëtzebuerg zur Dréischeif vun der TVA-Fraude gëtt an e géing méi héich Käschte fir kleng- a Mëttelbetriber duerstellen.
Eng besser Léisung wier eng TVA-Wärung: Betriber an och d’Brigange géingen TVA-Mënz kréien a kee Cash méi mat deem se sech en Jetset Liewe bezuelen, wéi dat am Moment de Fall ass.