Op eise StroossenUergen Accident op der N18 tëscht Auto a Moto e Samschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Zu engem weideren Tëschefall mat engem Auto a Moto koum et schonn e Samschdeg an d'Police sicht no Zeien no engem Accident den 29. August.
Uergen Accident op der N18 tëscht Auto a Moto
Tëscht Clierf a Maarnech hu sech kuerz no 9.30 Auer um Samschdeg e Van an e Motorrad ze pake kritt.

Tëscht Clierf a Maarnech hu sech kuerz no 9.30 Auer um Samschdeg e Van an e Motorrad ze pake kritt. De Motocyclist gouf RTL-Informatiounen no dobäi schwéier blesséiert a koum an d’Spidol. D’Streck huet misste nom Accident a wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart ginn, ass awer kuerz no 11.30 Auer nees fir den Trafic opgaangen.

Schonn e Freideg de Mëtteg géint 16 Auer hate sech e Motorrad an en Auto op der Kräizung tëscht der Rue Principale an der Rue de Kleinbettingen zu Grass ze pake kritt. Den Automobilist hat d’Motorrad iwwersinn a krut d’Gefier ze paken. De Mann um Moto gouf vu sengem Gefier geschleidert a blesséiert, schreift d’Police. Hie koum an d’Spidol.

Vun eise Stroosse mellt de CGDIS zwee Accidenter e Samschdegmëtteg. Eng Kéier géint 15 Auer op der A4 op der Héicht vu Lalleng. An dës Kollisioun waren 3 Gefierer verwéckelt an eng Persoun gouf dobäi verwonnt. A knapp 20 Minutte méi spéit huet et nach eng Kéier op der Autobunn A4 geknuppt. Dës Kéier tëscht zwee Autoen an op der Héicht vu Lankelz. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO