
E 35 Joer ale Sécherheetsmann war jo deemools um Parking vum Akafszenter erschoss ginn. Hien hat kuerz virdru bannenan eng Wallis ofgeholl kritt, an där eppes méi wéi zwou Millioune Frang waren. De Mann war de Brigangen nogelaf, déi an e Fluchtauto gespronge waren. Zweemol war aus deem Renault 21 eraus op de Sécherheetsmann geschoss ginn. Dass hien net den Auteur vun de Schëss war, dierft dem Veruerteelte vun en Dënschdeg "zegutt komm sinn".
Am Uerteelssproch goung allzäit vu Circonstances atténuantes rieds, vun deenen de Mann profitéiert hätt. D'Vertriederin vum Parquet hat an hirem Requisitoire och erkläert, et misst dem Ugekloten eben zegutt gehale ginn, de Sécherheetsmann net dout gemaach ze hunn. Nawell hat si 25 Joer Prisong fir den Ex-Friemelegionär gefuerdert. D'Riichter sinn deemno liicht ënnert där Fuerderung bliwwen. Si hunn awer, anescht wéi de Me Philippe Penning dat als Affekot vum Beschëllegte gesinn hat, keen Iwwerschreide vum "Délai raisonnable" festgehalen.
Dee Me Philippe Penning hat iwwregens op Fräisproch vu sengem Mandant plädéiert: Nieft dem Depassement vum Délai raisonnable, deen et onméiglech maache géif, sengem Client e kompletten Alibi ze ginn, hat den Affekot op Differenzen an den Aussoe vun Aenzeien higewisen.
Donieft hätten ënnert anerem d'Phantombiller net mam Mann iwwerenee gestëmmt a wär kee Fangerofdrock vun him am Fluchtauto fonnt ginn. Och de Modus operandi vun de Brigange bei der Concorde hätt näischt mat sengem Client ze dinn, e Client, deen och net mat der Belsch oder mat Lëtzebuerg a Verbindung ze brénge wär.
Dogéint war d'Vertriederin vum Parquet dovun iwwerzeegt, dass de Mann deen Iwwerfall zesumme mat zwee Komplizen duerchgefouert hätt. Déi 3 hätten och gewosst, firwat se dohi koumen an dass se hir Waffe gebrauche kéinten. Et waren och DNA-Spure vum Ugekloten op enger Jeans, engem falsche Baart an engem Pullover fonnt ginn, an e fréieren an e spéidere Kompliz vum Beschëllegte bei aneren Iwwerfäll hätten onofhängeg vuneneen ausgesot, si wéissten, dass den Ugeklote beim Iwwerfall op d'Concorde dobäi war. De Mann hätt och keen Alibi fir den Dag vum Iwwerfall a wär dee Moment op fräiem Fouss gewiescht.
Dee gouf en Dënschdeg doriwwer eraus nach dozou veruerteelt, 3 Parties-civillen am Ganzen 62.500 € Schuedenersatz ze bezuelen. Virun allem wéinst der Héicht vun der Strof awer schéngt en Appellsprozess méiglech.
Artikel vum 30.11.18: Schëss op Sécherheetsmann - Vertriederin vum Parquet freet 25 Joer Prisong