ArcelorMittalUkrainesch Konte vum Stolris agefruer wéinst Reprochë vu Steierhannerzéiung

RTL Lëtzebuerg
Wéi d‘"Financial Times" schreift, wieren an der Ukrain d‘Konte vum Lëtzebuerger Stolris ArcelorMittal agefruer ginn.

Dëst hätt en ukrainescht Geriicht decidéiert. Hannergrond si Reprochë géint den ukrainesche Finanzchef vun ArcelorMittal Serhiy Plichko. Hie soll gutt 80 Milliounen Dollar Steieren hannerzunn hunn

ArcelorMittal präziséiert, datt et sech hei ëm Uschëllegunge géint eng individuell Persoun handelt, déi net d’Entreprise selwer betreffen.

Donieft wieren d‘Beschëllegungen net begrënnt, hei géif politeschen Drock op en auslänneschen Investisseur gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO