
An enger Affär vun Abus de faiblesse sinn en Donneschdeg um Stater Geriicht 5 Joer Prisong an eng ugemoosse Geldstrof fir den Ugeklote gefuerdert ginn; donieft sollt ë.a. d'Confiscatioun vun engem Appartement gesprach ginn.
Et war dem Mann virgehäit ginn, tëscht Juli 2015 a Februar 2017 vun der Schwächt vun enger Fra profitéiert ze hunn, fir ronn 515.000 € vun hir ze kréien. An den Ae vum Vertrieder vum Parquet wollt sech de Beschëllegten ouni Skrupele beräicheren, an hie géif och nach näischt bereien.
Dem Vertrieder vum Parquet no huet d'Fra alles verluer, an zwar fir d'éischt hir Bouwen - dat am Kontext vum Escher Bruddermord - an dunn hir Suen. Alles hätt mat enger Ierfschaft ugefaangen, déi um Enn kengem Gléck bruecht hätt. Am Verlaf vum Bruddermord-Prozess wär erauskomm, dass den Ugeklote vun der Fra, der Mamm vun de Bridder, profitéiere géif; doropshi wär et zu senger Beschëllegung komm. En Dokument, dat bei enger Perquisitioun beim Mann fonnt gouf, hätt och bewisen, dass hie vun der Ierfschaft vun der Fra wousst. Si, déi an enger Situatioun vu Vulnerabilitéit war, hätt, wéi en Expert et sot, dem Mann net kënnen entkommen; dee wär sech hirem fragillen Zoustand dann och bewosst gewiescht. Um Enn hätt hien alles a si bal näischt méi gehat, andeems hie si bannent kuerzer Zäit manipuléiert hätt, fir un hir Suen ze kommen. Nodeems d'Fra sech bewosst gi wär, dass si bedru gouf, hätt si Plainte gemaach, sou de Vertrieder vum Parquet.
Dogéint huet de Me Roby Schons, neien Affekot vum Ugekloten, drop plädéiert, dass säi Client näischt vun der Fra hirem Zoustand vu Schwächt wousst. Wouropshin de President vum Geriicht him entgéint gehalen huet: "Si hu sech dach alles erzielt an zesumme gekrasch!"- "Wéinst dem Doud vun hirem Bouf!", huet de Beschëllegten dorop geäntwert. D'Fra hätt souzesoen hirem Adoptivjong en Appartement zur Verfügung gestallt an dee keen Drock opgebaut, fir u Suen ze kommen; déi grouss Vulnerabilitéit vun der Fra géif och net aus dem Dossier ervirgoen. Um Enn vu sengem Plädoyer huet de Me Roby Schons dann och e Fräisproch op der ganzer Linn vu sengem Mandant verlaangt. Dee ganz um Enn vun der Sëtzung selwer betount huet, dass keen Abus de faiblesse virgeleeën hätt.
D'Uerteel ass fir de 7. Mäerz.