Neie Rekord fir de JuniUm Findel gouf en Donneschdeg eng Temperatur vu 36,3 °C gemooss

RTL Lëtzebuerg
Dat ass den héchste Wäert fir en Dag am Juni, deen zanter 1947 op der Referenzstatioun enregistréiert gouf.
Thermometer weist Temperatur vun iwwer 36 °C
Thermometer weist Temperatur vun iwwer 36 °C
© ARTUR WIDAK/NurPhoto via AFP

Um Findel sinn en Donneschdeg 36,3 °C gemooss ginn, de wäermste Wäert deen zanter den Opzeechnungen 1947 am Mount Juni um Findel gemooss gouf. Den ale Rekord louch bei 35,4 Grad, gemooss den 22. Juni 2017:

1. 25/06/2026 : 36.3 °C
2. 22/06/2017 : 35.4 °C
3. 26/06/2019 : 34.7 °C
4. 27/06/1947 : 34.3 °C
5. 18/06/2002 : 33.8 °C

Op Nofro krute mir gesot, dass dëse Wäert wuel an den zwee nächsten Deeg nach eng Kéier wäert gebrach ginn.

De 25. Juli 2019 war dee bis elo wäermsten Dag, deen um Findel gemooss gouf, dat ware genee 39 Grad Celsius.

Weider Informatiounen iwwer Duerchnschnëtts- a Maximalwäerter bei den Temperature ginn et op Meteolux.lu.

Back to Top
CIM LOGO