Zweeten Dag vum HearingUm Mëttwoch kënnen d'Memberen aus dem Klimabiergerrot hir Iddie virstellen

RTL Lëtzebuerg
Eng siwe Méint hat de Klimabiergerrot Zäit, fir sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi een de Kampf géint de Klimawandel zu Lëtzebuerg kéint intensivéieren.
© RTL Grafik (Archivbild)

En huet 56 konkret Propositioune gemaach an déi ginn an der Chamber diskutéiert. E Mëttwoch ass den zweeten Dag vum Hearing, an deem d’Memberen aus dem Klimabiergerrot hir Iddie virstellen an den Deputéierte Froe stelle kënnen.

D’Deputéiert hate vill Froen. Virop och iwwert d’Manéier, wéi de Klimabiergerrot konnt schaffen. D’Myriam Cecchetti vun déi Lénk zum Beispill, wéi et ëm d’Agrikultur goung: “Ech hu mer d’Fro gestallt, ob der Zäit genuch hat, mat Leit ze schwätzen, déi am Secteur schaffen. Zum Beispill mat de Jongbaueren. War déi Zäit do?”

D’Martine Hansen vun der CSV an de Marc Goergen vun de Piraten haten ënnert anerem Froen zu de Propositiounen aus dem Beräich Agrikultur. “An äre Propositioune geet et och drëms, datt mer manner Béischten halen. Wat maacht der mam Gréngland?” wollt d’Deputéiert vun der CSV wëssen. Op eng Propositioun vum Rot wollt de Piratepolitiker agoen: “D’Propositioun 10 huet mer éischter net sou gutt gefall. Do wëllt der d’Juegd facilitéieren, wat hutt der iech do virgestallt?”

D’Memberen aus dem Klimabiergerrot hunn 3 Stonnen op Froe geäntwert an hir Iddien explizéiert. Zum Beispill bei der Fuerderung no engem legale Kader fir alternativ Wunnformen. “Et kann net sinn, datt mir zum Beispill Tiny Haiser verbidden, obwuel déi manner Ressourcë verbrauchen, manner Baumaterial, manner Energie fir ze hëtzen a manner Waasser consomméieren”, sot de Grégory Molitor vum Klimabiergerrot.

Aner Sujete waren zum Beispill méi Ënnerstëtzung, fir alles wat Secondhand ass, eng Klimaauer um Findel an e bessert Bewosstsinn fir d’Ernärung. D’Clara Feypel erkläert: “Nieft dem Fléien ass, wéi s de ëss, wichteg. Ob s de Vegetarier bass oder Fleesch a Fësch ëss oder souguer Veganer. Däin CO2-Foussofdrock hallwéiert sech doduerch.”

De Klimabiergerrot huet och ënnerstrach, datt een dringend elo eppes géint d’Klimakatastroph misst ënnerhuelen, well mir géifen elo schonn deenen nächste Generatiounen irreparabel Schied hannerloossen.

Back to Top
CIM LOGO