Direkt nieft der A31 zu Yutz bei Thionville ass an de leschte Méint dee sougenannten S-Hub entstanen. Hei solle ronn 70 Leit eng Plaz fir ze schaffe fannen, wa sinn net kënnen oder wëllen dofir op hire Büro fueren. Grad zu den Haaptverkéierszäite kéinten d'Leit hir Zäit hei besser notzen, wéi am Stau ze stoen, esou d'Iddi vun de Bedreiwer. De Buergermeeschter vun Thionville setzt sech schonn zanter enger Rei Jore fir den Télétravail an, als eng vun de Solutioune fir de Mobilitéitsproblem.
Allerdéngs gëtt et gesetzlech Limitte fir den Télétravail am Ausland. Dorënner, déi vun der Besteierung vun de Paien. Schafft en Employé vun enger Lëtzebuerger Firma méi wéi 21 Deeg a Frankräich, muss säi Salaire och zum Deel do besteiert ginn.
Bis elo hu sech keng Firmaen aus Lëtzebuerg am S-Hub néier gelooss. Et hätt ee se bis ewell net kënne rassuréieren dee Schratt ze maachen, heescht et vun der Bedreiwergesellschaft. Ursaach dofir sinn eng ganz Partie Froen, déi mam franséische Steiersystem zesummenhänken. Wéi et nämlech heescht, kéim et nämlech zu enger sougenannter "Création de richesse" op franséischem Territoire a misst deemno och a Frankräich besteiert ginn.
Fir de Buergermeeschter vun Thionville, Pierre Cuny, kéint den Télétravail eng vun de Solutioune sinn, fir de Mobilitéitsproblem tëscht Frankräich a Lëtzebuerg. Hie setzt sech dofir an, dass d'Limitt vun aktuell 21 Deeg a geschwënn 29, déi eng Persoun a Frankräich duerf schaffen, ouni dass en Deel vun hirer Pai do besteiert gëtt, op 46 Deeg erop gesat gëtt. Dat wär ronn een Dag an der Woch.
Déi europäesch Institutiounen zu Lëtzebuerg hunn awer schonn en Deel vum S-Hub gelount, fir ze testen, ob dat fir hir Leit eng sënnvoll Alternativ kéint sinn. Well si ënnert e spezielle Steierregimm falen, mussen si schliisslech net dorop waarden, dass dëse politesche Problem geléist gëtt.