Op Besuch an der aler "Heemecht"US-Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen am Grand-Duché

Marc Hoscheid
Viru bal 30 Joer hunn de Lëtzebuerger Staat an eng Partie US-Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen am Wisconsin de LACS-Zenter gegrënnt.
© Marc Hoscheid / RTL

Zil ass et, d’Relatiounen tëscht béide Länner duerch ee reegelméissegen Austausch ze fleegen. Am Moment ass ee Grupp Amerikaner op Invitatioun vun der Luxembourg American Cultural Society (LACS) an der a.s.b.l. The Roots and Leaves Association am Grand-Duché. De Marc Hoscheid war bei enger Visitt am Nationalarchiv derbäi.

US-Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen zu Lëtzebuerg

Et ass ee gutt gefëllte Programm, deen de Grupp zanter e Sonndeg an nach bis e Méindeg absolvéiert an deen d’US-Amerikaner queesch uechter d’Land féiert. E Freideg de Moie goung et dann och nach an d’Vergaangenheet. Am Nationalarchiv um Helleg-Geescht-Plateau goufen eng Partie historesch Dokumenter gewisen. Dorënner ee Verzeechnes vun der männlecher Populatioun aus dem Joer 1813, a wéi den Zoufall et wëll, huet d’Mary Ann Marschall doranner een Numm fonnt, dee vläicht engem Familljemembere gehéiere kéint.

“Den Numm war Jean-François Maréchal an ech hunn den Numm Jean-Henri Maréchal a menger Famill. Dee steet bestëmmt an enger Relatioun mat mengem Ancêtre. Ech misst nofuerschen, fir erauszefanne wie genee.”Déi Lëtzebuerger Nationalitéit als Deel vum Vermächtnis

De Jean-Henri hätt den Nonumm spéider an déi däitsch Versioun ëmgeännert, dat warscheinlech, well e géint säi Wëllen an der Napoleonescher Arméi huet musse kämpfen. Ee vum Mary Ann hiren Urgrousspappe war gebierteg vun Dikrech, ass awer schonn a jonke Joren an der Hoffnung op ee bessert Liewen an Amerika ausgewandert. D’Mary Ann huet mëttlerweil nieft der US-amerikanescher och déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. Dat well de Grand-Duché fir si een Deel vun hirem Vermächtnis wier. Richteg bewosst gouf hir dat schonn am éischte Schouljoer, wéi d’Schüler vun der Joffer d’Hausaufgab kruten, nozekucken, wou se hir kommen.

“D’Joffer wosst net, datt bal jiddereen aus där Stad Lëtzebuergesch Originnen hat. Mee si huet eis Nimm gelies a wuel gemengt, mir kéimen all aus Däitschland. Si huet eis also ugestallt, doheem nozefroen, vu wou eis Famill kënnt. An der Klass houng eng Kaart un der Tafel an et gouf eng Spéngel mat eisem Numm an dat Land gestach. Wéi ech un der Rei war a Lëtzebuerg gesot hunn, war Lëtzebuerg scho voll. Dunn huet d’Joffer gefrot, ob si d’Spéngel och an Däitschland stiechen dierft. Ech sot jo, och wann ech wousst, datt et am Fong net Däitschland ass.”

D’Mary Ann léiert zanter e puer Joer iwwert d’Internetsäit “Learn Luxembourgish” eis Sprooch. Dat wier awer net esou einfach, virun allem, well si et net vill am Alldag übe kéint. Ma et geet awer lues a lues besser. A wat ass dann hire Liblingssaz op Lëtzebuergesch?

“Mir wölle bleiwe wat mir sinn.”

Lëtzebuergesch quasi ausgestuerwen

Wat d’Situatioun vum Lëtzebuergeschen an den USA ugeet, sou seet de Marc Klein vun der LACS, datt d’Sprooch ëmmer méi verluer geet. Déi meeschte Leit, déi se nach geschwat an och Course ginn hunn, wiere mëttlerweil verstuerwen. Ma d’Kultur géing sech net just op d’Sprooch beschränken. An engem Musée an der Géigend vu Milwaukee gëtt d’Lëtzebuerger Geschicht vermëttelt. D’Leit géingen zudeem beispillsweis duerch d’Iessen oder Fester Lëtzebuerger Traditiounen um Liewen erhalen. Fir datt och déi Jonk mat der Thematik a Kontakt kommen, gëtt et eng Zesummenaarbecht tëscht dem Lycée vu Jonglënster an enger Schoul aus der Stad La Crosse am Wisconsin. Well d’Distanz tëscht Lëtzebuerg an den USA net grad kleng ass, ginn iwwert déi reegelméisseg Reesen eraus och vill Online-Evenementer ugebueden.

De Jean Ensch ass Member vun der “The Roots and Leaves Association”, dem Lëtzebuerger Pendant zur LACS. Hien ass Expert an der Genealogie an erkläert deenen Interesséierten, wéi ee mat Hëllef vu verschiddenen Internetsitten, wéi zum Beispill “luxroots” oder “luxracines”, un Informatioune kënnt. Mëttlerweil wiere vill Donnéeën online ze fannen. Fir US-Bierger mat Lëtzebuerger Wuerzelen, déi Genealogie bedreiwen, wier allerdéngs problematesch, datt se normalerweis keen Däitsch a Franséisch kënnen an och Problemer mat där aler Schrëft hunn.

PDF: De Resumé vun der Rees vun den 20 Lëtzebuerger Amerikaner

Back to Top
CIM LOGO