Um Dënschdeg gouf den éischte Stee fir e weidert grousst Gebai geluecht.
D‘US-amerikanesch Bank „State Street“ wäert mat engen 900 Mataarbechter vis-à-vis vum Shoppingzenter anzéien. D‘Bank aus den USA zementéiert domat wuertwiertlech hir enk Relatioune mat Lëtzebuerg a geopolitesch komplizéierten Zäiten.
Wie soss wéi de Flavio Becca kéint dat neit Gebai bauen? A wou soss wéi op senger Cloche d‘Or?
U senger Säit weist sech aus der Politik – ënnert Guillemeten – „just“ den 1. Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Maurice Bauer. D‘Regierung war net vertrueden.
Vum wuertwiertlech zukünftegen Trapenhaus – d‘Stäck wäerten e bëssen versat iwwertenee leien – steet scho méi wéi den éischte Steen. De Promoteur Flavio Becca seet, d‘Gebai vun der Bank State Street wär schonn am Laf vun 2026 fäerdeg.
Zanter 1990 ass déi grouss US-Bank hei zu Lëtzebuerg. Si plënnert mat der ganzer Beleegschaft vum Kierchbierg an hiert neit Gebai op d‘Kräizung vun de Boulevarde Raiffeisen a Kockelscheier. De Chef vu State Street Lëtzebuerg Riccardo Lamanna betount, wéi wichteg Europa fir d‘Bank ass: „E groussen Deel vun eisem Revenu kënnt aus Europa. Speziell Lëtzebuerg ass wéinst senger gudder Lag immens wichteg fir eis. Mir wëllen no bei eise Clientë sinn. Dofir bleiwe mir hei.“
De Changement am Wäissen Haus an e méiglechen Handelskrich wëll den Här weider net kommentéieren. De Bauhär ass dogéint houfreg. Flavio Becca: „an dëser schwiereger geopolitescher Lag ass et e gutt Zeechen, dass en US-amerikaneschen Investisseur decidéiert, laangfristeg säi Siège an Europa hei zu Lëtzebuerg ze hunn.“
Mat modesten 48 Meter Héicht wäert d‘Gebai „Stairs“ éischter duerch den Design opfalen. D‘Cloche d‘Or – eng richteg Noperschaft – oder net awer éischter e Business-Center?
„Dat wëll ech awer elo sou net soen. Ech constatéieren, dass mir awer schonn iwwer 100.000 Metercarré Wunnengsbau hei gebaut hunn. An et kommen der nach 40- bis 50.000 dobäi.“
An och déi éischt kleng Butteker – wéi neierdéngs e Bäcker – géifen hei opmaachen. Och Banquieren hunn an der Mëttesstonn nämlech Honger.