En internationalen Handelskrich wier net nëmme fir d'Stolbranche ma fir déi ganz Wirtschaft eng Katastroph, dat sot de Member vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal Michel Wurth um Freideg de Moien als Reaktioun op dem US-President Donald Trump seng Annonce fir Stroftaxen op de Stol- an Aluminiumsimporter an den USA anzeféieren. De Michel Wurth nennt dem Republikaner seng Entscheedung immens politesch a wirtschaftlech gesinn dee falsche Wee. D'Maartwirtschaft géif gebrach a laangfristeg géif de Stol an Amerika méi deier. Op Dauer also eng kontraproduktiv Decisioun.
Den Impakt vun der Decisioun op ArcelorMittal selwer fält gemëscht aus. Fir d'Lëtzebuerger Geschäft sinn d'Stroftaxen, dem Michel Wurth no, all Zäit ganz negativ.
10% vun der Lëtzebuerger Produktioun gëtt nämlech an d'USA exportéiert, héichwäerteg Produkter wéi Palplanchen a sougenannten Greyträger, déi an amerikaneschen Héichhaiser wéi dem One World Trade Center verbaut sinn. De Vertrieder vum Verwaltungsrot schwätzt hei och vun enger grousser Symbolik. Dat géif wéi doen.
Alles an allem mécht de Stol bei den Exporter aus dem Grand-Duché iwwregens d'Halschent aus. De weltgréisste Stolproduzent mat Sëtz zu Lëtzebuerg exportéiert donieft och vill Stol vu Brasilien aus an d'USA an och déi Exporter riskéieren elo also méi deier ze ginn.
Ënnert dem Stréch awer fält den Impakt op de ganze Grupp awer méi gemëscht aus. ArcelorMittal gehéiert also net nëmmen zu de Verléierer. De Konzern ass nämlech deen zweetgréisste Stolproduzent an den USA, an de gréisste Stolproduzent am sougenannten Nafta, also dem nordatlantesche Fräihandelsaccord tëscht Amerika, Kanada a Mexiko fir déi jo Exceptioune gëlle sollen. Dem Michel Wurth no, hätt déi amerikanesch Wirtschaft guer net méi funktionéiere kënnen, wa kee Stol méi aus Kanada a Mexiko fléisse géif.
Chiffréiert Previsioune fir dat eegent Geschäft hat de Verwaltungsrotmember net.
Laangfristeg, do war sech eisen Invité vun der Redaktioun awer sécher verstéisst dem Donald Trump seng Haltung géint d'Maartwirtschaft. An dat wier net gutt.
Kënnt et also elo zu engem internationalen Handelskrich? Dat misst, dem Michel Wurth no, op alle Fall evitéiert ginn. Déi éischt Kugel wier geschoss. Elo géif et vun der Reaktioun vun den Europäer an der Welthandelsorganisatioun ofhänken wéi et weider geet.
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de Member vum Verwaltungsrot vum Stolris.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.