
Dat Ganzt ass an der Nuecht vum 25. op de 26. August geschitt. Eng oder méi Persounen hätten do wuel hirer Aggressioun fräie Laf gelooss, esou d’Interpretatioun vun de Gemengeresponsabelen.
E sëllege gliese Scheiwe vun Dieren a Fënstere goufe wuel mat engem Potto, oder eppes änlechem futti geschloen. Betraff sinn déi nei Schoul, d’Maison Relais, de Festsall, ma och d’Bushaische um Parking vun der Schoul huet musse leiden.
Et war och probéiert ginn an d’Gebailechkeeten anzebriechen.
Domat awer net genuch... och Autoen, déi do um Parking stoungen, sinn de Vandalen zum Affer gefall. Hei goufen och Fënsteren ageschloen an Téitschen an d’Karosserie gemaach.
De Schäfferot weist sech entsat iwwert d’Ausmooss vun de Beschiedegungen. D’Police huet e Protokoll erstallt an Agente vun der Spueresécherung waren op der Plaz. Vum Schäfferot ass et dann och den Appell un d’Awunner vun der Gemeng, dass si sech w.e.g. bei der Police melle sollen, falls se eppes Verdächteges gesinn hunn.