
Um 22:05 Auer krute sech op der A13 an Direktioun Schengen, tëscht der Industriezon Gadderscheier an dem Tunnel Aessen zwee Autoen ze paken. D'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz. D'Ambulanciere vun Esch hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.
Quasi zur nämmlechter Zäit ass bei zwee Accidenter jeeweils eng Persoun blesséiert ginn:
Dat eng Kéier um CR110 tëscht Kënzeg a Grass. Hei waren d'Ambulanciere vu Mamer an d'Pompjeeë vu Käerjeng a Koler op der Plaz.
Déi aner Kéier huet et um CR306 tëscht Gréiwels a Groussbus gerabbelt. Nieft de Pompjeeë vu Biissen a Groussbus an den Ambulanciere vu Rammerech war hei och de Samu vun Ettelbréck am Asaz.
Kuerz virun 23 Auer huet et dann zu Rodange an der Rue du Clopp am Keller vun engem Haus ugefaange mat brennen. D'Pompjeeë vu Käerjeng a Péiteng konnten d'Feier läschen a Schlëmmeres verhënneren. Och d'Ambulanciere vu Péiteng sinn op d'Plaz geruff ginn. Blesséierter gouf et awer keng.
