
Um kuerz viru 14 Auer um Méindeg koum et zu engem Accident op der A7 am Tunnel Miersch-Schëndels, Direktioun Stad. Een Auto war involvéiert an eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Miersch.
Um kuerz no 15 Auer ass e Motocyclist um Belair gefall, dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. D'Stater Servicer hu sech gekëmmert.
E weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et um 16:30 Auer um CR123 tëscht Essen a Kruuchten. De Samu an d'Secouriste vu Miersch, Noumer an Ettelbréck waren op der Plaz.
De CGDIS mellt dann och nach e Brand an der Rue de Noerdange zu Nidderpallen, dat um 14 Auer.