CGDISVéier Blesséierter bei fënnef Asätz

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt fënnef Accidenter aus der Nuecht op e Sonndeg.

Kuerz no 0.30 Auer ass tëscht Péiteng an Athus een Auto accidentéiert, eng Persoun gouf dobäi verwonnt.

Um 2.40 Auer hat B40 a Richtung Esch tëscht dem Belval a Raemerich een Auto gebrannt a ronn eng hallef Stonn méi spéit ass een Auto an der Rue des Alliés zu Kietscht bäigaangen, hei gouf et ee Blesséierten.

Genee wéi um 3.45 Auer tëscht der Lëpschter Dällt an Houschent, wou eng Persoun d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer hat. An no 4.30 Auer war et dann nach een Accident tëscht Branebourg a Weiler. Och hei ass eng Persoun zu Schued komm.
Um Kierchbierg an der Allée des Charmes gouf et e Sonndeg de Mëtteg eng Dampentwécklung an enger Déifgarage. Et blouf beim Materialschued. Am Asaz waren eng Rei Secouristen aus 6 verschiddenen Interventiounszenteren.

Back to Top
CIM LOGO