CGDISVéier Blesséierter bei véier Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Gefier war an de Grouf gaangen, eent op d'Kopp gaangen respektiv hat en drëtte Won e Bam ze pake kritt. An eng Fra gouf ugestouss.

Kuerz viru 17 Auer e Freideg ass en Auto tëscht Grenzen a Welsdref am Gruef gelant an op der Diddenuewener Strooss zu Hesper gouf ronn 20 Minutte méi spéit eng Persoun ugestouss.

An der Nuecht ass géint 0.45 Auer tëscht Sëll a Schweebech en Auto an e Bam gerannt an zu Rouspert ass an der Rue Irmine kuerz no 3.30 Auer en Auto op d’Kopp geroden.

Et gouf wéi gesot all Kéiers eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO