LandwirtschaftsdëschVéier grouss Punkten, dorënner Upassung vum Agrargesetz

Jeannot Ries
Fir d'Vertrieder vun de Baueren war dës Reunioun zefriddestellend. Et wier en anere Wee, wéi d'Verhënnerungskultur, déi ee bis ewell hat.
Landwirtschaftsdësch zu Senneng
Véier grouss Punkte stoungen um Ordre du Jour tëscht de Vertrieder vun der Regierung an de Vertrieder vun de Baueren.

A sechs Woche sollen Upassungen um Agrargesetz respektiv dem nationale Strategieplang um Dësch leien, sot d’CSV-Ressortministesch Martine Hansen nom Landwirtschaftsdësch, wou nieft de Vertrieder aus dem Secteur och den Ëmweltminister dobäi war.

Upassungen um Agrargesetz war ee vun de véier grousse Punkten, iwwert déi diskutéiert gouf. Do gouf ënnert anerem decidéiert, datt verschidde Bäihëllefe fir Betriber opgemaach ginn, déi net ënnert d’Definitioun vum “aktive Bauer” falen. En anere Punkt war d’Reduktioun vum Ammoniak. Do kënnt an deenen nächsten zwou Wochen eng Task Force zesummen.

Da goung et och ëm de Waasserschutz an ëm d’Bauen an der Gréngzone. Do soll d’Naturschutzgesetz ganz op de Leescht geholl ginn, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes annoncéiert. Et gëtt en Aarbechtsgrupp geschaaft, an deem säi Ministère de Lead huet an och Vertrieder aus der Landwirtschaft sinn. Dee Grupp soll nach virum Summer zu Conclusioune kommen, mä elo schonn ass kloer, datt d’Bauen an der Gréngzone soll zougelooss ginn.

Alles an allem waren d’Vertrieder aus der Agrikultur no dësem Landwirtschaftsdësch méi wéi zefridden. De Guy Feyder, de President vun der Landwirtschaftskummer begréisst, datt een ewech kënnt vun der “Verhënnerungskultur”, déi een aus der Vergaangenheet kannt hätt.

Extrait Guy Feyder

D’Zesummesetzung vum Landwirtschaftsdësch ka jee nodeem wéi eng Sujeten um Ordre du Jour stinn, ugepasst ginn.

Déi zoustänneg Ministesch Martine Hansen huet ënnerstrach, datt haut iwwer Sujeten diskutéiert gouf, déi d’Bauere betreffen. Dat och als Erklärung firwat d’Ëmweltorganisatiounen net invitéiert waren.

LINK: D’Schreiwes vun den zoustännege Ministèren
RTL-News: Louis Boonen: “Wirtschaftlech onméiglech, d’Enner zesummenzekréien”

Back to Top
CIM LOGO