Sou fréi wéi niVereenzelt Privatwënzer fänke lo scho mat der Drauwelies un

RTL Lëtzebuerg
Bedéngt duerch déi héich Temperaturen an déi laang Dréchent sinn d'Drauwen dëst Joer besonnesch fréi zeideg.

Vun der Vinsmoselle huet et d’lescht Woch geheescht, datt d’Lies dëst Joer Enn August, respektiv Uganks September ugeet.

Dem Direkter vum Institut Viti-Vinicole Roby Ley no hätt ee bis elo nach guer keng Erfarung hei am Land mat sou wéineg Waasser wéi dësem. Dohier kéint een och keng Indikatiounen iwwert de Joergang ginn. Sécher wier just, datt d’Recolte dëst Joer méi kleng wäert ausfalen, sou de Roby Ley.

RTL News: Den Direkteschposten bei den Domaines Vinsmoselle ass aktuell net besat
RTL News: Musel virun der Lies: “Herrschtleit” gesicht!

Back to Top
CIM LOGO