Den Direkteschposten bei den Domaines Vinsmoselle ass aktuell net besat

© RTL-Archiv
Säin Depart hätt näischt mat der Affär ze dinn, mat där d'Domaines Vinsmoselle viru Geriicht géint d'Privatwënzer an d'Kellereie verluer hunn.
Dat betount de President Josy Gloden am RTL-Interview.
Et hat Buttek ginn op der Musel an d'Domaines Vinsmoselle goufe ferm kritiséiert. Ënnert dem Direkter Patrick Berg a mat Hëllef vun engem Kommunikatiounsbüro hat d'Kooperativ, déi iwwer 60 Prozent vun der Lëtzebuerger Produktioun ausmécht, sech en neit Gesiicht ginn. Vill méi waren et vill Gesiichter, déi vun de Wënzer op de Fläschen, a virun allem en neie Markennumm: „Les vignerons de la Moselle“, d'Wënzer vun der Musel.
Dozou de President Josy Gloden: "An der Kooperativ war vun eis aus keng Diskussioun iwwer „Les vignerons de la Moselle“ soss hätte mir den Numm jo net erausgesicht gehat. Mir haten deen och proposéiert kritt. Dunn huet dat sech duerno erausgestallt, dass dat en ze vill globalen Numm ass."
Jee, deen Numm huet keng Differenze gemaach an all d'Wënzer vun der Musel mat abezunn. Nëmme suergen d'Privatwënzer fir net grad 22 Prozent vun der Produktioun am Land an d'Kellereie fir net grad 17 Prozent. Kee Wonner, dass si net begeeschtert waren vum Rebranding vun der grousser Kooperativ, mat där si net gär an een Dëppe geheit ginn.
An d'Geriicht huet hinne Recht ginn.
D'Domaines Vinsmoselle hu sech elo de manner globalen Numm „Les vignerons de Domaines Vinsmoselle“ erausgesicht. E Feeler, dee sécherlech Suen an Zäit kascht. All d'Verpackungen an Etiketten an iwwerhaapt déi ganz Kommunikatioun musse geännert ginn, mä deen eben net de Grond wär, fir dem Patrick Berg säin Depart.
Josy Gloden: "Nee, déi do Affär huet eisem Direkter net de Stull kascht. Mir hunn en Accord commun fonnt mam Här Berg. Dee wëll a sengem Liewen och nach aner Erausfuerderungen ugoen."
Eng nei Direktesch respektiv en Direkter gëtt et nach net.
D‘Sich géif elo mat der Rentrée intensivéiert ginn, esou de President vun der Kooperativ, dee sech no der Geriichtsaffär nees ganz kollegial gëtt.
Josy Gloden: "Déi Saach ass fir eis giess a mir kucken an eng gemeinsam Zukunft."
Déi aner Säit, de President vun de Privatwënzer Ern Schumacher, confirméiert.
Ern Schumacher: "Mir sinn zefridden, dass mir gewonnen hunn. Ech wëll awer och weider net méi doriwwer diskutéieren. Mir hunn eis elo d'Hand no deem Prozess ginn, dass mir erëm zesumme wäerte schaffen."
Um Enn bréngt et de Miseler Wënzer méi, mat enger Stëmm ze schwätzen.