Musel virun der Lies: "Herrschtleit" gesicht!
D'Miseler Wënzer preparéiere sech schonn op d'Lies. Et sinn ëmmer intensiv Wochen, fir d'Drauwen all eranzehuelen.
Dofir brauchen d'Wënzer all Joer Leit, déi eng Hand mat upaken. Saisonsaarbechter – op der Musel seet een "Herrschtleit" – kommen der awer ëmmer manner aus dem Ausland. Pabeierkrom a Steiere stéingen am Wee, heescht et op der Musel. Elo gëtt no Alternative gesicht.
D'polnesch Aarbechterinnen an Aarbechter an de Miseler Wéngerten. Fir si ass et gutt Geld. D'Wënzer brauchen an der kuerzer Period vun der Lies däitlech méi fläisseg Mataarbechter, ewéi de Rescht vum Joer. Eng Win-Win-Situatioun, déi awer bei de Saisonsaarbechter aus dem Osten ëmmer manner Succès huet, confirméiert den Direkter vum Wäibauinstitut Roby Ley.
"Do kommen der haut vill manner, well och déi wirtschaftlech Situatioun sech do weider entwéckelt huet an domadder och manner Leit heihi kommen."
Dat eleng wär awer net de Grond, betount de President vun de Privatwënzer Ern Schumacher. Hie schwätzt vu Pabeierkrich, dee mam Engagement vun den "Herrschtleit" verbonne wär.
"Den administrative Volet gëtt an eisem Beruff ëmmer méi schwéier. Ech bedaueren dat e bëssen, dass d'Politik eis Betriber net ënnerstëtzt, eis nach quasi Steen an de Wee leet."
De Wënzer bezitt sech op Bréisseler Reglementer, déi virgesinn, dass Informatiounen iwwer Steieren a Sécurité Sociale tëscht den EU-Länner mussen ausgetosch ginn. An der Praxis: de polnesche Staat gëtt gewuer, wat e Saisonsaarbechter hei verdéngt huet. "Wat mécht deen dann natierlech? Da gi se doheem nach eng Kéier ganz ferm besteiert. Dofir ass kee ganz groussen Interessi méi do, fir iwwerhaapt als Saisonsaarbechter heihi schaffen ze kommen", sou den Ern Schumacher
De Roby Ley relativéiert.
"Mir hu bis elo nach näischt Konkretes héieren, dass Leit net komm sinn, well se esou besteiert goufen. Virun allem am Haff Réimech kommen awer vill Leit aus Frankräich an d'Lies schaffen. Do kann et sinn, wann een an engem bestëmmte Fall ass, dass e riskéiert seng Avantagen ze verléieren."
De Personalmanktem ass also reell. De Wäibauinstitut an d'ADEM hunn dat erkannt a probéieren och dëst Joer nees Kandidate fir d'Lies ze begeeschteren. Zejoert konnten esou 31 Leit un d'Betriber vermëttelt ginn. De President vun de Privatwënzer begréisst d'Initiativ, mä säi Bilan fält gemëscht aus.
"Et ass ëmmer schwéierfälleg fir op eng Plaz ze kommen. Et funktionéiert kee Bus. Mir begréissen, dass dat alles ënnerstëtzt gëtt. Mä dass dat d'Wonnerléisung ass, bezweiwelen ech."
Dëst Joer gëtt et awer een Element, dat de Wënzer kéint zegutt kommen: ëmmerhi 580 Ukrainer si bei der ADEM ageschriwwen. A si hätten déi néideg Erlabnis hei ze schaffen.
"Selbstverständlech wären déi Leit wëllkomm", seet de Roby Ley.
Héchstwarscheinlech ginn d'Wënzer schonn Enn August respektiv Ufank September an d'Lies. Als éischt ginn d'Drauwe fir de Crémant erageholl.