Eng Kris wéi déi heiten huet de Bau zënter Enn den 80er Joren net méi kannt. Am éischten Trimester ass d’Vente vun den neien Appartementer am Joresverglach ëm 72 Prozent an d’Gette gaangen. Den autoriséierte Bauvolume ëm 33 Prozent. Bei de Bankkreditter war et ee Minus vu 44 Prozent am Volume.
Déi ganz Entwécklung huet natierlech och hir Repercussiounen op d’Aktivitéite vun den Immobilienagencen. Beim Verkaf gouf et een Abroch vu bis zu 90%. Parallel ginn d’Loyeren duerch de Plaffong, well d’Offer wäit ënnert der Demande läit.
De Manuel Rizzo, Member am Conseil vun der Chambre immobilière:“Do sinn et Beispiller vun 20 bis 25%, wou et eropgaangen ass. Dat ass doduerch bedéngt, dass vill Leit zousätzlech op de Locatiouns-Marché komm sinn. Déi och Pai-méisseg relativ staark sinn, déi fréier sech direkt eppes kaaft hunn, well se geduecht hunn ‘ech hu besser ze kafen wéi ze lounen’.”
De Manuel Rizzo huet der Politik geroden, derfir ze suergen, dass den Taux bei Immobiliëprête gedeckelt gëtt. Déi héich Zënsen an och d’Polemik ëm dat neit Mietsgesetz hätt déi kleng Investisseure aus dem Mëttelstand vergrault.
“Huele mer dann emol de Staatsbeamten, dee sech dat da ka leeschten, dass e seet: ‘Ech kafe mir emol ee klengt Appartement, fir dass ech duerno meng Pensioun nach weider ofgeséchert hunn’, deen ass fort.”
Do geet et éischter Richtung Placement op zum Beispill 12 Méint an ouni Risiko op der Bank. Am Juli wieren esou 4 Milliarden op Compte à terme gesat ginn. Déi Suen, déi d’Leit op der Bank “bunkeren”, géifen elo um Immobiliëmarché bis erof an de Bau feelen.
Grouss Investisseuren dergéint géife méi laangfristeg denken an elo dervu profitéieren, fir bei den niddrege Präisser an den Immobiliëmaart eran ze klammen.
Dobäi kéint een net vu Präisverfall schwätzen. Et wier een Upassen un e reelle Marchéspräis.