Claude Meisch am RTL-InterviewVerlängerung vun Allerhellegevakanz kéint kontraproduktiv sinn

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsminister war e Méindeg den Owend eisen Invité am Journal vum Radio a vun der Télé.
De kompletten Interview mam Claude Meisch
Den Educatiounsminister stoung Ried an Äntwert.

"Et ass wichteg ze kucken, wou de Virus genee ass a wéi e sech an der Gesellschaft verbreet."

De Claude Meisch géif zum Beispill dacks gefrot ginn, ob d'Allerhellegevakanz net ëm eng Woch misst verlängert ginn. Op den éischte Bléck wier dat eng gutt Saach, ma wann een da géif kucken, wou déi Jonk sech ustiechen, géif ee mierken, datt dat net onbedéngt an der Schoul ass, mä bei villen aneren Aktivitéiten. Zum Beispill am Familljekrees oder bei Fräizäitaktivitéiten. Wann een elo einfach d'Vakanz ëm eng Woch géif verlängeren, ouni déi aner Aktivitéiten ze reduzéieren, kéint dat kontraproduktiv sinn.

De Minister hält dru fest, datt een net iwwerall am Land déi selwecht Mesurë kéint huelen, well de Virus net iwwerall d'selwecht vill present ass. Dat wier den Ënnerscheed zu der Positioun vun der Oppositioun oder där enger oder anerer Schoulgewerkschaft.

Moossnamen, déi vun der Oppositioun oder de Schoulgewerkschafte gefrot ginn, notamment d'Maskepflicht oder den Enseignement à distance hätt een op verschiddene Plazen am Land. A ganz ville Lycéeë géif et eng Maskepflicht ginn an och den Enseignement à distance géif do agesat ginn, wou et néideg ass a wou e méi Sécherheet bitt. Do géif hien op d'Acteuren um Terrain vertrauen, seet de Claude Meisch.

Hien ënnersträicht och, datt d'Leit aus der Educatioun, mat deenen een aus der Santé all eenzele Fall géing suivéieren an analyséieren. Dat wier eng Methode, déi effikass wier, an et géifen all eenzelen Dag Decisioune geholl ginn. Et géif zum Beispill gekuckt ginn, wéi breet eng Quarantän misst geholl ginn an ob déi Sécherheetsmesuren, déi et an där Schoul ginn, och gräifen oder ob se musse verstäerkt ginn. Fir d'Vakanz wëll de Minister en Tëscherapport froen an nach eng Kéier Recommandatiounen op den Dësch leeën, wou eventuell muss nogebessert ginn.

"De Schoultransport ass eng Suerg, déi mer hunn", esou den Educatiounsminister. Hie géif d'Remarke verstoen, datt ee sech net sécher spiert, wann een enk gedréckt am Bus sëtzt oder steet, mä et géif och permanent gekuckt ginn, ob de Schoultransport eng Explikatioun kéint si fir d'Infektioune bei deene Jonken a bis ewell géif et nach keng Indicen an déi Richtung ginn.

Et wier wichteg, d'Schoulen opzeloosse soulaang de Virus et erlaabt, net wéinst den Elteren, mä wéinst de Kanner. Si hätte vill verpasst an deene Wochen, an deenen d'Schoulen zou waren.

De Claude Meisch seet, hie géif sech an dëser Saach all Dag a Fro stellen an hätt dofir och e gutt Gewëssen. Hie géif sech permanent informéieren, géif probéieren, permanent mat de Leit um Terrain ze schwätzen, sech berode loossen a géif kucken, wat ze vertrieden ass a wat net. Op där enger Säit, fir de Virus kleng ze halen, an op där anerer Säit, fir de Kanner déi beschte Méiglechkeeten ze bidden.

De kompletten Interview mam Claude Meisch

Enttäuschte Gesiichter no Educatiounskommissioun

Enttäuschte Gesiichter de Méindeg de Mëtteg no der parlamentarescher Educatiounskommissioun: D'Deputéiert ware mam Minister Meisch zesummen an haten zum Deel op nei Mesurë géint de Coronavirus an de Schoule gehofft. Et goung awer just ëm e Gesetzprojet, an deem de Ministère sech d'Méiglechkeet gëtt, zousätzlecht Personal ze rekrutéieren.

Notamment d'CSV fënnt et schued, datt net méi vum Educatiounsminister koum. D'Schoul ass schliisslech keng Welt fir sech, ënnersträicht d'Martine Hansen, d'Fraktiounspresidentin vun deene chrëschtlech Sozialen.

D'Martine Hansen

"Do sinn ongeféier 108.000 Schüler an 11.000 Enseignanten. Dat si ronn 20 Prozent vun eiser Populatioun. Wann een do näischt ënnerhëlt, da verbreet de Virus sech natierlech och op där Plaz.

Ech denken, eng Maskepflicht wier sënnvoll do, wou d'Distanz net kann agehale ginn. De Virus mécht keen Ënnerscheed, ob en an der Schoul ass oder net. Eiser Meenung no hätt een och iwwer A- a B-Gruppe sollen nodenken, op d'mannst bei deene grousse Schüler a Klassen. Fir do d'Klasse méi kleng ze maachen an esou och de Risiko ze reduzéieren, fir datt ee sech kann ustiechen.

Oder och soss Schutzmesuren, wéi zum Beispill Féiwer moossen, wann een an d'Schoul erakënnt. Mä all dat, seet de Minister, wier net néideg. Hie verweist op d'Autonomie vun de Schoulen oder hie verweist zum Beispill beim Féiwermoossen op eng falsch Sécherheet, wat ech awer esou net kann akzeptéieren.

Alles, wat hëlleft, de Risiko ze reduzéieren, musse mer an dëser Situatioun maachen, well si ass awer dramatesch. Virun e puer Méint huet d'Regierung och nach bei de Maske vu falscher Sécherheet geschwat. Do hu mer an Tëschenzäit erkannt, datt et eng richteg Sécherheet ass."

Och d'ADR hat eventuell mat neie Moossname gerechent, wéi hire Vertrieder aus der Educatiounskommissioun, de Fred Keup, seet.

De Fred Keup

"Wou mer eis ganz besonnesch eppes erwaart hätten, dat ass am Schülertransport, wou mer den Ament gesinn, datt ganz vill Busse komplett iwwerfëllt sinn. Moies fir an d'Schoul an owes fir zeréck. Och d'Linnebussen, déi d'Schüler huelen, sinn dacks iwwerfëllt. Do gesi mer e grousse Problem an de Minister kann och net genee soen, wéi vill Leit sech do eventuell ustiechen. Do gesi mer eng grouss Quell vun deenen Ustiechungen an do fuerdere mer de Minister op, fir onbedéngt eppes ze maachen."

Iwwerfëllte Busser
D'Schüler drécke sech an d'Busser eran.

Back to Top
CIM LOGO