Nom Doud vum fréiere Grand-DucVerluechte Manifestatiounen hunn Organisateure virun Erausfuerderunge gestallt

Vidosava Kuzmic
Ronn 4.000 Leefer hätten den 28. Abrëll sollen un de Start vum Urban Trail goen, du koum kuerzfristeg awer alles anescht.

D’Fändelen houngen op Hallefmast an d’Land war a Staatstrauer. Evenementer, wéi den Urban Trail, hu misste verréckelt ginn, anerer goufe komplett ofgesot. Wat d’Organisateure vun deene Rendezvousen zum Deel och vru grouss Erausfuerderunge gestallt huet. Wéi eng genee, huet d’Vidosava Kuzmic fir eis nogefrot!

Verluechten Evenementer
Wéinst dem Doud vum Grand-Duc goufe vill Evenementer am Land verluecht oder ganz ofgesot. Eng Erausfuerderung fir vill Organisateuren.

Back to Top
CIM LOGO