D'Digitaliséierung bleift eng vun de gréissten Erausfuerderunge vun eiser Zäit. Fir d'Prioritéiten den Deputéierten ze presentéieren, waren um Méindeg de Premier a Minister fir Digitaliséierung Xavier Bettel a säin delegéierte Minister Marc Hansen an der zoustänneger Chamberkommissioun.
A quasi allen Domänen ass dat digitaalt Zäitalter agelaut ginn, ob an der Mobilitéit, der Educatioun, der Gesondheet oder der Ekonomie. D'Regierung wëll d'Efforte vun de leschte Jore weiderféieren a Lëtzebuerg zu engem konkurrenzfäege Partner an der Regioun an der vernetzter Welt maachen.

E Manktem u Substanz an net genuch Konkretes, dat waren d'Kritikpunkte vu Säite vun der Oppositioun e Méindeg de Mëtteg an der Chamber, wou de Volet Digitalisatioun an der zoustänneger Kommissioun presentéiert gouf. D'CSV-Deputéiert Viviane Reding bedauert, datt een nach net vill gewuer gi wier, wat si dorop zeréckféiert, datt och d'Regierung net richteg weess, wéi et viru soll goen. Eppes ass awer gewosst, et brauch een den technologesche Fortschrëtt an zwar séier an esou, datt sech d'Innovatioun an d'Mënschlechkeet net widderspriechen.
Dem Sven Clement vun de Piraten no ass de Programm vun der Regierung zwar presentéiert ginn, allerdéngs wier de Xavier Bettel net wierklech op d'Froen dozou agaangen. Dat ass awer am digitale Beräich ganz dacks esou, datt Wierder benotzt ginn, déi gutt kléngen, dohannert awer wéineg Substanz hunn.
Dem Delegéierten Minister fir Digitalisatioun Marc Hansen no géif awer allgemeng begréisst ginn, datt den Defi Digitalisatioun och op politeschem Niveau diskutéiert gëtt. Elo gëtt emol de Ministère, deen et zanter 7 Woche gëtt, opgebaut, wat eng Knachenaarbescht ass. Dono wëll een d'Iddien da lues a lues ëmsetzen, fir d'Digitalisatioun hei am Land unzegoen.
De Ministère géing sech als Ulafstell gesinn, wou mat den anere Ministère soll zesummegeschafft ginn, huet de Marc Hansen nach betount.