
3 nei ëffentlech Petitioune si vun en Dënschdeg u bis Mëtt Juni um Chambersite op, fir signéiert ze ginn: et geet do ënnert anerem ëm den Decalage vun der Summervakanz an den Hierscht oder och d'Petitioun, déi Rattrapage-Schoulstonne wärend der Summervakanz freet.
Bis de 4. Juni leeft jo och nach d'Petitioun, déi d'Opmaache vun de Schoulen an de September wëll reportéiert gesinn. Well den Datum nom 25. Mee ass, wou d'Klassen am Fondamental nees ufänken, gëtt d'Autrice vun der Petitioun, d'Lidia Maria Cabral Garcias, e Mëttwoch vum Educatiounsminister Claude Meisch empfaangen.
Den Delai vun der Petitioun, déi ewell ronn 6.600 Ënnerschrëfte krut, gouf net ofgeännert.
Och eng weider ëffentlech Petitioun muss iwwerdeem am Chamberplenum diskutéiert ginn, well se mat aktuell 5.400 Signaturen iwwert de Seuil vu 4.500 koum. An zwar freet de Kollektiv "Stop5G", datt eben den Developpement vun dësem neie GSM-Reseau hei am Land gestoppt gëtt.
Och dësen Delai fir z'ënnerschreiwe leeft nach e ganze Mount laang.
A nach eng drëtt Petitioun dierft de Seuil areechen a leeft nach bis de 26. Mee: heiranner freet de Petitionär José Castro eng exzeptionell Corona-Primm fir d'Personal aus dem Gesondheetssecteur. Dës Petitioun huet ewell 4480 Ënnerschrëften.
Alles an allem sinn den Ament 42 Petitiounen um Chambersite accessibel fir ënnerschriwwen ze ginn.
E Mëttwoch kënnt d'Chamber-Petitiouns-Kommissioun schonn nees beieneen: da gëtt iwwer net manner wéi 22 Demandë vu Petitiounen tranchéiert: dorënner si Froen a Relatioun mat der Covid-Pandemie, wéi d'Fuerderung d'komplett Populatioun virum Enn vum Deconfinement impfen ze loossen, d'Demande fir eng Woch Après-Covid-Congé fir all Salariéen d'nächst oder iwwernächst Joer, d'Revendicatioun datt d'Massen nees solle mat Gleewege kënne gehale ginn, de Refus fir eng forcéiert Covid19-Vaccinatioun oder och nach d'Petitioun, déi de Choix freet tëscht engem fakultativen Erausklammen aus dem Lockdown, eppes dat also Jidderee fir sech géif tranchéieren.