Déi LénkVerréckelt Indextranche a Solidaritéitspak waren Themen um Nationalkongress

Anne Wolff
D'Verréckele vun enger eventueller zweeter Indextranche huet e Sonndeg de Moien um Nationalkongress vun deene Lénken zu Colmar Bierg fir Ierger gesuergt.
Nationalkongress Déi Lénk
D’Verréckele vun enger eventueller zweeter Indextranche huet e Sonndeg de Moien um Nationalkongress vun deene Lénken zu Colmar Bierg fir Ierger gesuergt.

Et wier Zitat “infekt”, wéi déi sozialistesch LSAP de Wieler d’Resultat vun der Tripartite wéilt verkafen. Schliisslech missten d’Bierger hier Kompensatioun selwer bezuelen, esou d’ Carole Thoma, Porte-Parole vun Déi Lénk. Dat wier e Skandal, sot och d’Deputéiert Myriam Cecchetti. D’Mesure vun der Regierung, wéi d’Subventioun op de Pëtrolspräisser, wier net substanziell, mee hei wiere mat der Strenz Sue verdeelt ginn. Och de Credit d’Impot wier keng adequat Léisung. Déi Lénk fuerderen ënnert anerem eng Adaptatioun vum Mindestloun, eng Steierreform, gedeckelt Loyeren an eng Spekulatiounssteier.

Zu der Demissioun vun der Grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg sot d’Myriam Cecchetti, déi Lénk wiere weder Riichter nach Affekot, an et géing “présomption d’innocence jusqu’à preuve du contraire gëllen”, si géingen d’Resultat vun der Enquête ofwaarden.

Back to Top
CIM LOGO