
Dëse Sonndeg kann een tëscht 8 an 12 Auer op der Mamer Gemeng en Test maachen, fir deen een och en Zertifikat kritt. Dësen ass 24 Stonne gutt an erlaabt engem, fir an den Horeca-Betriber am Restaurant ze sëtzen.
Den Test gëtt vun engem vereedegte Beamte gemaach. Fir een ze maachen, muss eesech umellen
Eng änlech Offer gëtt et och vun der Gemeng Rouspert/Mompech. Hei kann ee sech vun 9.30 Auer bis 12 Auer am Gemengenhaus teste loossen. Vun e Méindeg u kann all Awunner vun der Gemeng den Test dann och wärend de Bürosstonnen an der Gemeng maache loossen.